Marc Olinger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Marc Olinger gebuer de 6. Januar 1946 zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Film- an Theaterschauspiller a Regisseur.
De Marc Olinger war viru senger Schauspiller- a Regisseurscarrière 15 Joer laang Lycéesprofesser. Hien ass ee vun de Matgrënner vum TOL 1972 gewiescht a war bis 1985 Direkter vun dësem. Haut ass de Marc Olinger Direkter vum Kapuzinertheater. Hie spillt zesumme mam Fernand Fox an enger Rei vu Filmspote fir eng lëtzebuergesch Assurance mat a war eng Zäitche Presentateur an der Kichesendung op RTL Hei-Elei.
Hien ass bestuet mat der Claudine Pelletier.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Filmer (Auswiel)
[Änneren] als Regisseur
- E Fall fir sech (1984) Regie mam Menn Bodson
- Déi zwéi vum Bierg (1985) Regie mam Menn Bodson a Gast Rollinger
- De falschen Hond (1989) Regie mam Menn Bodson a Gast Rollinger
[Änneren] als Schauspiller
- Déi zwéi vum Bierg (1985)
- Le Club des Chômeurs (2002)
- Deepfrozen (2006)
[Änneren] Assurance-Reklamms-Filmer
Zesumme mam Fernand Fox huet de Marc Olinger d' "Haaptrollen" an enger Serie vu Reklamms-Filmer fir eng Assurance. Dës Kuerzfilmer si meeschtens Parodien op Blockbuster-Filmer. Nom Ben Hur, Indiana Jones an dem Dances with Wolwes
- Les tribulations d'une tondeuse à gazon, 1998
- Les ragots, 2000, vun der Geneviève Mersch
- Super-Agent LAURA JONES, 2002,
- Harry Pätter, 2004,
- Terminator-Fox, 2006, eng Parodie op dem James Cameron säi Terminator 2 vun 1991