Marcel-Pierre Faure
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Militärsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Marcel-Pierre Faure, * , † ..., war e franséichen Generol, deen als Fliger-Capitaine an d'Lëtzebuerger Geschicht agang ass. Den 2. Abrëll 1940 ass hien nämlech während der Drôle de guerre (Zweete Weltkrich) bei enger militärescher Loftopklärung iwwer Däitschland vun der Flak getraff ginn. An den Hecken tëschent dem Heinenhaff a Feelen aass hien dunn mat sengem Avion (engem Amiot 143) a senger Mannschaft ofgestierzt. Vum Dr. Charles Marx a sengen Matthelfer ass hien dunn heemlech - Lëtzebuerg war deemools nach en neutralt Land - zesumme mat sengem Chef-Afjutant Charles Lherbiet no Frankräich zeréckbruecht ginn. Dat huet duerno a besonnesch während der spéiderer däitscher Okkupatioun nach en Nospill kritt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Seng militärech Carrière virun 1940
[Änneren] Sein Accident zu Feelen, seng Evasioun an déi spéider Folgen
Et war an der Nuecht vum 1. op den 2. Abrël 1940 dat den franséischen Avion Amiot 143 mat der Besatzung:
-
- Capt. Marcel-Pierre Faure
- Adj.-Chef: Charles Lherbiet
- Leutnant:Kastler
- Serjant-Chef: Clavaud
- Serjant: Kirsch zu Nidderfeelen bei Ettelbréck ofgestierzt ass. Déi éischt zwee Memberen vum Equipage (Capitaine Faure a Adj.-Chef Lherbiet ((DenAdj.-Chef Lherbiet ass 1942 bei engem aneren Fligeraccident bei Griicheland an d'Mier gefall an ëmkom) koumen du an d'Ettelbrécker Klinik vum Dokter Charles Marx, well se verwonnt waren. Déi lescht 3 sinn an der Kaseren zu Lëtzebuerg opgrond vun der deemoleger Neutralitéit vu Lëtzebuerg internéiert ginn,. Et war virun der däitscher Okkupatioun an de Fliger, dee vun Chaumont a Frankräich aus opgeflu war, war duerch Flakbeschoss iwwwer Däitschland beschiedegt ginn an huet dofir eng Noutlandung misse versichen, déi leider misslong ass.(Deeler vun dem Fliger sinn haut am Patton-Musée zu Ettelbréck ausgestallt).
Den Dokter Marx huet sech dem Capitaine Faure an dem Adj.-Chef Lherbiet ugeholl an et ferdeg bruecht fir se, zesummen mam, Dokter Nicolas Huberty, trotz Bewachung duerch d'Gendarmerie, - wéinst hierer geplangten spéiderer Internéierung - heemlech iwwert d'franséisch Grenz ze brengen (Méi ausféierlech ass des Episode op der Säit vum Dr. Charles Marx beschriew.
[Änneren] Dem Capitaine Faure seng militäresch Carrière duerno
[Änneren] Auszeechnungen
[Änneren] Literatur
- Derneden, John: Crash: Abstürze und Notlandungen von alliierten und deutschen Flugzeugen in Luxemburg - 1940-1945, GREG, Reeditioun 2005. Op de Säiten 120-121 beschreift den Autor dëse Fligercrash den 2. Abrël 1940 bei Feelen
- Flies, Joseph: Ettelbrück, Geschichte einer Landschaft, 1970, Imprimerie Saint-Paul,
An deem Buch referéiert sech den Autor op der Säit 1866 un de Bréif, deen den Generol Pierre Faure 1962 un de Dokter Nicolas Huberty vun Ettelbréck soll geriicht hunn, fir him fir säi Bäistand zur Evasioun 1940 Merci ze soen:- Parmi tous les souvenirs accumulés au cours des 37 ans d'aviation sous tous les cieux du monde, l'accueil que j'ai reçu au Luxembourg dans la nuit du ler au 2 avril 1940 reste pour moi l'épisode le plus émouvant. Notre ami tant regretté Charles Marx et sa charmante femme, que j'ai beaucoup vus à Vichy pendant l'été 1940 et envers lesquels j'ai pu m'acquitter d'une partie de mon immense dette en obtenant pour le docteur l'autorisation d'exercer en France, m'avaient beaucoup parlé de vous...C'est pourquoi le Docteur avait une place de choix dans mon souvenir de ces heures inoubliables, puisque je le savais "complice" direct de Marx dans mon évasion... Malheureusement, mon fidéle Lherbiet (second évadé de 1940), tonbé en mer en 1942 en convoyant un avion vers la Grèce, a disparu.... Mais je n'avais pas oublié pour autant la réception de l'échevin de Niederfeulen et les robustes épaules de son fils, l'accueil dans cette clinique à 2 heures du matin sous le bon regard bleu de Charles Marx, le défilé dans ma chambre le lendemain de tout ce que Ettelbruck comptait d'amis de la France, cette évasion rocambolesque avec tant de complices et une organisation si poussée....
- Parmi tous les souvenirs accumulés au cours des 37 ans d'aviation sous tous les cieux du monde, l'accueil que j'ai reçu au Luxembourg dans la nuit du ler au 2 avril 1940 reste pour moi l'épisode le plus émouvant. Notre ami tant regretté Charles Marx et sa charmante femme, que j'ai beaucoup vus à Vichy pendant l'été 1940 et envers lesquels j'ai pu m'acquitter d'une partie de mon immense dette en obtenant pour le docteur l'autorisation d'exercer en France, m'avaient beaucoup parlé de vous...C'est pourquoi le Docteur avait une place de choix dans mon souvenir de ces heures inoubliables, puisque je le savais "complice" direct de Marx dans mon évasion... Malheureusement, mon fidéle Lherbiet (second évadé de 1940), tonbé en mer en 1942 en convoyant un avion vers la Grèce, a disparu.... Mais je n'avais pas oublié pour autant la réception de l'échevin de Niederfeulen et les robustes épaules de son fils, l'accueil dans cette clinique à 2 heures du matin sous le bon regard bleu de Charles Marx, le défilé dans ma chambre le lendemain de tout ce que Ettelbruck comptait d'amis de la France, cette évasion rocambolesque avec tant de complices et une organisation si poussée....