Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Charles Marx - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Charles Marx

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dr. Charles Marx
Dr. Charles Marx

De Charles Marx (Louis Charles Marx), gebuer de 26. Juli 1903 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 13. Juni 1946 am Spidol vu Meaux no engem Autosaccident zu La Ferté-sous-Jouarre, Frankräich , war e lëtzebuergeschen Dokter, Politiker a Resistenzler.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Seng jugendlech Opfaassungen

Zu 16 Joer schonn war den Charles Marx an der Jeunesse socialiste engagéiert. Hien ass deemools an sozialdemokrateschen Kreeser wéinst sengen revolutionären Usichten stark kritizéiert ginn. Hien huet duerophin Uschloss un de franséischen Grupp Clarté vum Henri Barbusse gesicht an ass mat der Jeunesse Socialiste zu den Kommunisten iwwergetrott. Hiere Mouvement gouf du 1921 an Jeunesse communiste ëmgedeeft.

[Änneren] Den Dokter

Hien huet zu Stroossbuerg an zu Paräis Medezin studéiert an uschléissend an der franséischer Haaptstad am Hôtel Dieu praktizéiert. Am Abrël/Mee 1933 huet hien zu Lëtzebuerg seng Examen als Dokter mat Distinctioun gemeet. Als Gynecolog an Chirurg, deen an de Mooperatiounen spezaliséiert war, ass hien Interne vun den Paräiser Spideeler ginn a krouch dunn eng Plaz als medezineschen Chef vun der chirurgescher Ofdeelung vun der Paräiser Medezinfakultéit (Hôtel Dieu). 1935 huet hien seng Doktesch-Thes publizéiert, déi sech mat der uschléissender Behandlung vun Mooperéierten befaasst huet. 1935 gouf hien an d'Association française de chirurgie gewielt a krouch am selweschten Joer de Le-Piez-Präis mat dem Vermierk Lauréat de l'Académie de Médecine.

Fréi am Joer 1936 ass hien dunn zereéck op Lëtzebuerg kom an huet sech zu Ettelbréck néiergeloss. Do huet hien an der Rue Kennedy déi al Ettelbrecker Klinik, déi vun der Croix Rouge gefouert ginn ass zu senger Privatklinik ëmfunktionéiert, an dat mat Hellef vun Schwesteren vun der Congrégation du Très Saint Sauveur, déi hien vu Niederbronn am Elsass komme geloss huet.

1940, sechs Wochen virun der däitscher Invasioun, ass eppes geschitt, wat een entscheedenden Afloss op säi spéidert Liewen sollt hunn. An der Nuecht vum 1. op den 2. Abrël 1940, huet nämlech ee franséischen Militärfliger, dee während engem Opklärungsflug iwwer Däitschland vun der Flak getraff gi war, tëschent Feelen an dem Hubertushaff eng Brochlandung gemeet. Vun de fënnef Besatzungsmemberen waren der zwéin verwondt ginn, de Capitaine (a spéidere Generol) Marcel-Pierre Faure a säin Adj.-Chef Charles Lherbiet. Si sinn an d'Ettelbrécker Klinik ageliwwert ginn, wou den Dokter Marx sech hirer ugeholl a medezinesch Ursache gesicht huet, fir hier Internéierung (Lëtzebuerg war zu däer Zäit offiziell nach e neutralt Land) ze verhënneren.

Zesummen mam Dokter Nicolas Huberty a puer aner Komplizen huet hien dunn d'Evasioun vun deenen zwee Fransousen organiséiert a si heemlech iwwwert déi franséisch Grenz bruecht. Duefir goufen si ugeklot. Et koum allerdengs net méi zu engem gerichtlechen Urteel ënnert lëtzebuergescher Autonomie, well an der Tëschenzäit, den 10. Mee 1940, waren déi däitsch Truppen zu Lëtzebuerg ageréckt. Mee d'Preisen haten des Episode nët vergiess.

[Änneren] De Resistenzler

Vun den Däitschen gouf den Dokter Marx 1941 zu 8 Méint Prisong an enger Geldstrof vun 20000 Mark verurteelt. Dat ass iewer a senger Ofweesenheet geschitt. Well, bewosst, dat hien bei enger däitscher Invasioun mat Konsequenzen misst rechnen, hat hien sech den 10. Mee duerch d'Bascht gemaach a war no Montpellier a Frankräich geflücht, wou hien sech fir den medezineschen Service vun der franséischer Arméi gemellt huet. Am Laf vun enger gewësser Zäit war hien och de Vertrieder vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.

Duerno huet hien zu Quillan (Departement Aude) eng Klinik vun engem franséischen Dokter vu Perpignan iwwerholl an huet do als Dokter a Chirurg praktizéiert, wat him erlaabt huet, grad wéi zu Montpeller, ville Lëtzebuerger ze hellefen. Do war hien awer net sëcher, well hien vun der Gestapo gejot gouf. Zu Montpellier gouf hien souguer op däitschen Drock hin zum Dout verurteelt, rëm a senger Ofweesenheet.

Am Juni 1942 huet hien säi Posten an der Klinik zu Quillan opginn an huet sëch dem Resistenz-Réseau Mithridate vum B.C.R.A. (Bureau Central de Renseignement et d'Action) vum Charles de Gaulle ugeschloss. Dat huet him erlaabt, Norichtefilièren "iwwert déi sougenannten "Ligne Elisabeth" a "Ligne Charlotte" tëschent Lëtzebuerg a London opzebauen. An deem Bond waren och de Charles Ungeheuer. De Charles Reiffers an den Eugène Léger waren dobäi als Courrier aktiv. Nodeem (11. November 1942), d'Preisen an dat bis dohin onbesate Gebitt vun der Vichy-Regierung ageréckt waren, gouf säin Openthalt zu Quillan schwiereg. Hien huet sech dem Resistenzgrupp Combat et Franc-Tireur ugeschloss. Am Mee 1943 huet en de Maquis de la Haute Vallée de l'Aude gegrënnt a geschwënn duerno, poursuivéiertt duerch d'Gestapo, Quillan definitiv verlooss.

Als Kommandant vun der FFI (Forces françaises de l'intérieur), war hien Ufank September 1944 bei der Liberatioun vu Lyon derbäi. Am Oktober 1944 gtouf hien hien no Paräis geschéckt, fir do de Posten als Délégué du Conseil médical de la Résistance ze bekleeden. Hien huet och duerno, bis zum Waffestëllstand, als prominenten Militärdokter, um Opbau vun den chirurgeschen Dengschter vun den franséisch-amerikaneschen Truppen matgewierkt.

[Änneren] De Politiker

Am Joer 1945 ass den Dokter Charles Marx rëm zeréck op Lëtzebuerg kom. Do gouf hien op der Lëscht vun der KPL bei den éischten fräie Walen nom Zweete Weltkrich als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Fir déi national Solidaritéit och no der Liberatioun ze betounen, koum et de 14. November 1945 zur Bildung vun enger Regierung vun der Nationaler Unioun, an deer, niewent der CSV, LAP, Groupement Democratique, och d'KPL vertruede waren. Si huet hiert Amt de 14. November 1945 ugefaangen an de Charles Marx gouf an deer Regierung Minister vun der Santé Publi1que. Dat war eng schwéier Aufgab, well deemools d'Zoustänn an de Gesondheetsdengschten miserabel waren. Mat grousser Energie huet hien sech agesat, fir dës Zoustänn ze verbesseren. Den Dokrer Marx bekannt als een, dee de Kontakt mam klenge Mann gesicht huet an och fir hien ëmmer en Ouer hat.

Wéi den Dokter Marx 1946 bei engem trageschen Autosaccident a Frankräich ëm d'Liewen komm ass, gouf hien duerch den Dominique Urbany an der Regierung ersat.

[Änneren] Literatur

  • Flies, Joseph: Ettelbrück, Geschichte einer Landschaft, 1970, Imprimerie Saint-Paul, (An deem Buch geet och Rieds vun dem Dokter Charles Marx a sengen Verdengschter am an nom Zweete Weltkrich.)

[Änneren] Publikatiounen

  • Haaptpublikatioun
    • Marx, Charles: Le Fonctionnement de l'estomac après gastrectomie (Notiz : Travail à la Clinique chirurgicale de l'Hôtel-Dieu), Editeur: Louis Arnette, Paräis, 1935, 259 p. ill. 8°, BnL : catalogue collectif bibnet.lu

[Änneren] Auszeechnungen

[Änneren] Literatur

  • Flies, Joseph: Ettelbrück, Geschichte einer Landschaft, 1970, Imprimerie Saint-Paul,
    An deem Buch erzielt den Autor d'Geschicht vun der Noutlandung an der Evasioun vun dësen zwee Fransousen

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu