Mars Di Bartolomeo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mars Di Bartolomeo (*27. Juni 1952 zu Diddeleng) ass e lëtzebuergesche Politiker.
Ëm 1970 wierkt hien zu Diddeleng mat am Virstand vun der J.S. (Jeunesse Socialiste). No senger Première am Escher Jongelycée schafft de Mars Di Bartolomeo vun 1972 bis 1984 als Journalist am Tageblatt.
1984 gëtt hien, nom Robert Goebbels, dee Minister gëtt, Sekretär vun der Chambersfraktioun vun der LSAP. 1987 gëtt hien an den Diddelenger Gemengerot gewielt, an 1989 an d'Chamber. A béide Mandater gëtt hie 1994 an 1999, resp. 1993 an 1999, erëmgewielt. Den 1. Januar 1994 gëtt de Mars Di Bartolomeo Buergermeeschter vun Diddeleng.
2004 gëtt de Mars Di Bartolomeo zum Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung an der Regierung Juncker-Asselborn ernimmt.