Mars Schmit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mars Schmit, gebuer den 3.Dezember 1931, a gestuerwen de 14. Oktober 1990), war e lëtzebuergesche Moler. Hie war ganz talentéiert an huet besonnesch Aquarellen an och Fiederzeechnunge gemoolt, vun iwwerall aus dem Lëtzebuerger Land, an dat niewent senger Aarbecht, um Ufank als Schoulmeeschter, a spéider als Sprochen- a Konschtprofesser. De Mars Schmit huet vill gemoolt an seng Wierker waren a si vun Kenner staark appréciéiert.
Ausstellunge vum Mars Schmit uerchtert d'Welt:
Paräis, Roum, Grosseto, Salzburg, Bréissel, München, Frankfurt, Köln, Toronto, Des Moines, Minneapolis, Oxford a Middletown (Ohio), New York 927 Madison Avenue, Peking, New York Rockefeller Center, Moskau (1989) an natierlech och zu Lëtzebuerg. Hien huet als Auszeechung ënnert anerem d'Médaille d'Or vun der Academia Tiberina vu Roum kritt.
De Mars Schmit ass fréi an onerwaart am Alter vun nëmmen 59 Joer gestuerwen.
[Änneren] Literatur
De Mars Schmit huet vill Albumme mat sengen eegene Biller an Zeechnungen éditéiert an zwar an Eegeregie, ënnert anerem:
- Si Luxembourg m'était dessiné.., Editions Mars Schmit, 1983.
- Il était une fois - nos châteaux forts..., Editions Mars Schmit, 1984.
- Nostalgie, Editions Mars Schmit, 1984.
- D'Uelzecht, Editions Mars Schmit, 1985.
- D'Sauer, Editions Mars Schmit, 1986.
- D'Musel, Editions Mars Schmit, 1987.
- Métamorphose-Luxembourg, 1988
- Ma Terre au fil des millénaires, 1989
- Charnière d'Europe ,1990