Metabolismus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Metabolismus (oder Stoffwiessel) bezeechent déi Virgäng a Liewewiesen déi mat der Verännerung vu chemesche Substanzen an dem Liewewiesen (oder besser gesot a sengen Zellen) ze dinn hunn. Je no der Aart vu Verännerung an der Origin vun de Substanzen ënnerscheet een tëscht Anabolismus a Katabolismus. Dës Verännerunge geschéien an enger Rei Etappen déi meeschtens vun Enzyme katalyséiert ginn, dofir schwätzt een och vu Stoffwiesselweeër oder metabolesche Weeër.
[Änneren] Katabolismus
Den Ofbau vun de Substanzen aus dem Iessen (dëst sinn haaptsächlech Gluciden, Lipiden an Proteinen) fir Energie (Energie heescht an dësem biologesche Kontext meeschtens d'Produktioun vun ATP-Molekülen) ze gewannen oder elementär Bausteng (z.B. Aminosaieren oder Nukleotide) fir kierpereege Substanzen opzebauen, bezeechent een als Katabolismus.
De Katabolismus fänkt mat der Verdauung u wärend deer folgenden Ofbau geschitt:
- Proteinen Aminosaieren
- Gluciden Monosacchariden
- Lipiden Fettsaieren a Glycerol
- Nukleinsaieren Nukleotiden
Dono ginn haaptsächlech d'Monosacchariden an d'Fettsaieren (d'Aminosaiere wa keng direkt aner Verwendung dovu méiglech ass) an Energie ëmgewandelt. Dëst geschitt ë.a. duerch folgend Stoffwiesselweeër:
- d'Monosacchariden ginn der Glykolys zougefouert an an dëser zu Pyruvat ofgebaut deen dann an Acetyl-CoA ëmgewandelt gëtt,
- d'Fettsaiere ginn duerch β-Oxydatioun zu Acetyl-CoA ofgebaut,
- den Acetyl-CoA gëtt am Zitratzyklus zu CO2 ofgebaut, dobäi entsteet och reduzéierten NADH, H+,
- dësen NADH, H+ gëtt schliisslech an der oxydativer Phosphoryléierung an ATP (also Energiereserv) ëmgewandelt.
[Änneren] Anabolismus
Den Opbau vu kierpereegene Substanzen aus elementäre Bausteng stellt den Anabolismus duer. Beispiller vun anabolesche Stoffwiesselweeër:
- de Calvinzyklus an de grénge Planzen erméigelecht den Opbau vu Glucose
- d'Synthes vum Häm fir an d'Hämoglobin