Meuse (Floss)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Meuse | |
D'Meuse zu Monthermé |
|
Statut | {{{14}}} |
Längt | 950 km |
Héicht vun der Quell | 409 m |
Duerchschnëttsdebit | 230 m³/s |
Fläch vum Baseng | 36.000 km² |
Leeft duerch | Frankräich, Belsch, Holland |
Mündung | Nordmier |
Breet vun der Mündung | |
Floss - Hydrologie |
D'Meuse, Maas op Däitsch an Hollännesch, ass en 950 km laange Floss, deen a Frankräich bei Pouilly-en-Bassigny, um Plateau vu Langres entspréngt.
Si fléisst a Nordfrankräich duerch Verdun, Sedan a Charleville-Mézières, an der Belsch duerch d'Ardennen, d'Stied Dinant, Namur a Léck an an Holland duerch d'Stied Maastricht, Roermond a Venlo. Si fléisst laanscht Hertogenbosch an mündt dann an d'Nordmier.
Nieweflëss sinn op der rietser Säit de Vair, d'Kuer, d'Semois, d'Lesse, den Hoyoux, d'Ourthe an d'Roer, an op der lénkser Säit de Viroin, d'Sambre, d'Mehaigne an de Geer.