Kuer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kuer (Chiers) | |
Foto feelt nach | |
Statut | {{{14}}} |
Längt | 112 km |
Héicht vun der Quell | 340 m |
Duerchschnëttsdebit | m³/s |
Fläch vum Baseng | 2 222 km² |
Leeft duerch | Lëtzebuerg Frankräich Belsch |
Mündung | Meuse |
Breet vun der Mündung | |
Floss - Hydrologie |
D'Kuer (Fr.: Chiers; De.: Korn) ass e Floss zu Lëtzebuerg, laanscht der Belsch an a Frankräich. Si ass e Niewefloss vun der Meuse.
D'Kuer entspréngt bei Uewerkuer (Gemeng Déifferdeng), a leeft dann a Richtung Westen. Si ass deen eenzege lëtzebuergesche Floss, deen net zum Baseng vun der Musel gehéiert. Zu Rodange leeft s'eriwwer a Frankräich, duerch Lonkech a Longuyon (Departement Meurthe-et-Moselle ) a mécht bei Torgny (Gemeng Rouvroy) op e puer Kilometer d'Grenz mat der Belsch. Se leeft virun duerch Frankräich, laanscht Montmédy (Departement Meuse) a Carignan (Departement Ardennes).
Zu Bazeilles, no bei Sedan, leeft d'Kuer, no 112 km an d'Meuse.