Molekularbiologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Molekularbiologie ass de Beräich vun der Biologie, dee sech mat de genetesche Virgäng an den Zelle beschäftegt, an anere Wieder alles wat mat Nukleinsaieren ze dinn huet. Dëst sinn an éischter Linn:
- d'Replikatioun, d'Kopéiere vun DNS-molekülen,
- d'Transkriptioun, d'Ëmschreiwe vun der genetescher Informatioun vun DNS an RNS,
- d'Translatioun (Traductioun), d'Synthes vun Proteinen no der Informatioun vun der RNS.
Dobäi kommen dann och nach:
- d'Regulatioun vun Transkriptioun an Translatioun,
- d'Spläissen, d'Eliminéieren vun den Intronen aus dem RNS-vierleefer,
- d'Retrotranskriptioun, d'Verwandelung vun RNS an DNS bei de Retroviren.
Dësweidere gehéiert och nach d'Erfuersche vun de Genomen a punkto Struktur, Evolutioun a Sequenz zur Molekularbiologie.