Monstranz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Monstranz (vu lat. mostrare - "weisen") ass e konschthandwierkleche Géigestand an deem eng konsekréiert Hostie kann ausgetallt ginn. Dës gëtt mat Hëllef vun enger Halterung (Lunula) gehalen a senkrecht an déi gliese Kummer vun der Monstranz gestallt.
Je no Form ënnerscheet een:
- Stralemonstranze: vun der Hostie an der Mëtt gi Stralen ewéi bei der Sonn aus,
- Tuermmonstranzen: d'Hostie steet an engem Montage deen un eng gotesch Kathedral erënnert.
Ostensorium gëtt heiansdo synonym zu Monstranz gebraucht, mee a Wierklechkeet handelt et sech ëm eng kleng Form vu Monstranz, déi sech op en dekorative Bord ronderëm d'Hostie reduzéiert an och kaum e Stack huet. Den Iwwergank tëscht Monstranz an Ostensorium ass natierlech fléissend.
An der kathoulescher Kierch gëtt d'Monstranz gebraucht fir d'Sakrament auszestellen an unzebieden a bei Prëssessiounen, virun allem op Härläichendag, zu Lëtzebuerg awer och bei der Schlussprozessioun.
Et gëtt och Monstranze fir Reliquien.