Museksinstrument
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Museksinstrument ass e Géigestand fir Musek ze maachen, deen, duerch d'Awierke vun deem deen drop spillt, ganz oder deelweis vibréiert an esou d'Loft ronderem sech a Schwéngunge versetzt, dës Schwéngunge ginn dann als Geräisch oder Toun erfaasst.
[Änneren] Klassifizéierung vun de Museksintrumenter
Eng méiglech Andeelung vun de Museksintrumenter riicht sech no der Aart a Weis wéi den Toun entsteet. Esou kann een dann ënnerscheeden:
- Chordophone (Säiteninstrumenter): gespaante Säite ginn zum Schwénge bruecht, z. B. Gei, Guitar
- Aerophone: e Loftstroum léisst d'Instrument erkléngen, z. B. all Blosinstrumenter awer och den Akkordeon.
- Idiophone: dës Instrumenter vibréieren an hierer Gesamtheet, meeschtens well se un- oder géintenee geschloe ginn, z. B. Holzblock, Klackespill
- Membranophone: dës Instrumenter hunn eng Membran (e "Fell") déi schwéngt, z. B. well drop geschloe gouf, z. B. Tromm
- Elektrophone sinn elektronesch Instrumenter, déi un en Hautparleur ugeschloss sinn an duerch dee sinn hir Téin ze héieren, z. B. Syntheziser