Mutter Teresa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mutter Teresa Agnes Gonxha Bojaxhiu 27. August 1910 – 5. September 1997 |
||||||||
Detailer | ||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
D'Mutter Teresa, gebierteg Agnes Gonxha Bojaxhiu, war eng kathoulesch Schwëster vun albaneschen Originnen, Grënnerin vum Uerden vun de "Missionarinne vun der Nächsteléift". Si ass 1979 mam Friddensnobelpräis ausgezeechent ginn an 2003 vum Poopst Jean-Paul II. séileg gesprach ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Biographie
D'Mutter Teresa ass de 27. August 1910 zu Skopje a Mazedonien gebuer. Si war dat jéngst vun 3 Kanner (no hierer Schwëster Age, *1904 an hierem Brudder Lazar, *1907). D'Gonxha, wéi si an hierer Kandheet geruff ginn ass, ass an enger gutt situéierter kathoulescher Famill opgewues a reliéis erzu ginn. Hier Schoulausbildung huet si an enger kathoulescher Meederchersschoul zu Shkorda absolvéiert. Wéi si 9 Joer al war ass hire Papp onerwaart gestuerwen an si huet sech doropshinn nach méi un hire Glawe gehalen. Scho mat 12 Joër huet si sech fir e Liewen als Nonn entscheed. Méi a méi huet d'Meedchen de Wonsch verspuert sech an der Missioun ze engagéieren. Am September 1928, mat 18 Joer, huet si sech de "Schwëstere vun der Jongfra vu Loreto", déi sech besonnesch am Schoulunterricht a Bengalen, Indien engagéiert hunn, ugeschloss an huet zu Dublin, Irland, hir Ausbildung als Missionarin gemaach. Zur Éieren vun der Thérèse vu Lisieux huet si den Uerdensnumm Teresa ugeholl.
Zwee Méint drop ass si op Kalkutta geschéckt ginn, wou si als Léierin ausgebild gouf. Am Mee 1931 huet si hiert éischt Gelübnis ofgeluet huet. Spéider ass si dann Directrice vun der St. Mary's School ginn. 1937 huet si hiert definitivt Gelübnis ofgeluecht.
Den 10. September 1937 huet d'Teresa sech op Darjeeling zréckgezunn, wou si sech entschloss huet, sech fir déi Äermst vun den Aarmen anzesetzen. Duerwéinst huet si dësen Dag och als dee "wichtegsten an hirem Liewen" bezeechent. Trotzdeem huet et nach bis 1948 gedauert bis si d'Erlaabnis kritt huet, den Uerden ze verloossen an hierer Beruffung ze follegen ënnert deenen Äermsten am Slum ze liewen an ze schaffen.
1948 huet d'Mutter Teresa déi indesch Staatsbiergerschaft ugeholl a 1950 den Uerde vun de "Missionarinne vun der Nächsteléift" gegrënnt. Deemools huet dës Gemeinschaft 12 Schwësteren ëmfaasst vun deenen d'Teresa d'Leedung iwwerholl huet. Wéi an alle kathouleschen Uerden verflichten d'Memberen sech dem Zölibat, der Armut an der Obéissance. Spéider ass den Uerde vum Poopst unerkannt ginn an huet senger Kontroll ënnerstan. Mat hierem Uerden huet d'Mutter Teresa sech em déi déi um Stierwe lounge gekëmmert, ëm Weesen a Kranker. Hire speziellen Engagement loung och an der Betreiung vu Leprakranken.
Duerch vill Spenden ass d'Gemeinschaft gewuess, besonnesch nodeems d'Mutter Teresa 1979 mam Friddensnobelpräis ausgezeechent gouf. 2003 huet den Uerde schonn 710 Haiser vun der Nächsteléift an 133 Länner ënnerhalen.
1983, während enger Visite beim Poopst Jean-Paul II., hat si en éischten Herzinfarkt, an huet no enger 2. Attack am Joër 1989 en Häerzschrittmacher agesat kritt. No enger Longenentzündung, déi si sech 1991 zu Mexiko zougezunn huet, sollt sech hiert Häerz och net méi richteg erhuelen. 1996 huet sech hiere gesondheetlechen Zoustand weider verschlechtert: am Abrëll huet si sech beim Falen d'Schlësselbeen gebrach, spéider am Joër ass bei hier Malaria festgestallt ginn an si huet sech missen enger weiderer Häerzoperatioun ënnerzeien. Den 13. Mäerz 1997 ass si dunn endgülteg vum Virsëtz vum Uerden zréckgetrueden.
De 5. September 1997 ass d'Mutter Teresa zu Kalkutta an Indien gestuerwen.
[Änneren] Auszeechnungen
- Damien Dutton Award
- 1962 - Ramon Magsaysay Award
- 1973 - Templeton-Präis
- 1978 - Balzan-Präis
- 1979 - Friddensnobelpräis
- 1980 - Bharat Ratna
An Albanien ass den Dag vun hierer Beatifikatioun en nationale Feierdag. Schoulen an Administratiounen hunn deen Dag zou. Vun der Regierung ass e Mutter-Theresa-Uerde gestëft ginn an am Joer vun hierer Séilegspriechung 2003 ass de Fluchhafe vun Tirana no hier ëmbenannt ginn.
[Änneren] Kritik
[Änneren] Kanonisatiounsprozess
De Séileg- an Hellegspriechungsprozess fir d'Mutter Teresa ass schonn am Juni 1999 ageleed ginn; dëst mat besonnescher Erlaabnes vum Poopst Jean-Paul II., well de Prozess normalerweis eréischt fréistens 5 Joer nom Doud kann ageleed ginn. D'Séilegspriechung as dunn um 19. Oktober 2003 erfollegt, nëmme 6 Joer nom Doud vun der Uerdensfra, wat domat och déi séierst Séilegspriechung vun der Neizäit war.