Naturschutzgebitt Am Bauch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Am Bauch ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Monnerech. Tëscht Monnerech an Esch-Uelzecht erstreckt sech laanscht den Tipp an d'Autobunn e Fiichtgebitt, wouvun 8,5 ha mat enger 22,8 ha grousser Pufferzon zënter dem 14. Abrëll 1999 ënner Naturschutz stinn. D'Gebitt, wat vun Ornithologen zënter Joerzéngten erfuerscht gëtt, ass och nach ënnert dem Numm Plateweier oder Féizer Laach bekannt.
Am Kader vun der EU-Vulleschutzdirectiv (79/409/CEE) gehéiert d'Reserv zesumme mat fënnef anere Reserve mat 1040 ha gläichzäiteg dem europäeschem Natura 2000 Netz vu schützenswäerte Gebidder un.