NGC 4631
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum NGC 4631 | |
---|---|
Stärebild | Canes Venatici |
Positioun (Äquinoktium: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 12h 42m 08s |
Deklinatioun | +32° 32' 29" |
Erschäinungsbild | |
Typ | SB(s)d |
Schäinbar Hellegkeet (visuell) | +9,0 m |
Schäinbar Hellegkeet (B-Band) | +9,75 m |
Schäinbaren Duerchmiesser | 15,2' × 2,8' |
Flächenhellegkeet | 12,9 mag/arcmin2 |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zu der | NGC 4631 Grupp (LGG 291) |
Distanz | ca. 25 Milliounen Liichtjoren |
Routverrécklung | +0,00202 ± 0,00001 |
Heliozentresch radial Relativvitesse | +606 ± 3 km/s |
Absolut Hellegkeet | |
Absoluten Duerchmiesser | ca. 115'000 Liichtjoren |
Mass | |
Katalogbezeechnungen | |
NGC 4631, UGC 7865, PGC 42637, MCG +06-28-020, Teil von Arp 281, Holm 442A, IRAS 12396+3249, h 1397, GC 3165 |
Den NGC 4631, och Walgalaxis oder och Hierécksgalaxis genannt, ass eng Spiralgalaxis op enger Distanz vun ronn 25 Milliounen Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Si ass a Richtung Canes Venatici um nërdleche Stärenhimmel vun der Säit ze gesinn. D’Walgalaxis ass ongeféier sou grouss wéi eis Mëllechstrooss a gouf 1787 vum William Herschel entdeckt. Hir schäinbar visuell Hellegkeet huet 9,0 mag, hir Wénkelausdeenung 15,2' × 2,8'. Déi kleng Nopeschgalaxis NGC 4627 vermécht eng gewëssen Verformung vun der Walgalaxis. Zudeem schéngt si an der Vergangenheet méi oft an d’Géigend vun der Nopeschgalaxis NGC 4656 komm ze sinn, wouvun haut nach Waasserstoff- an aner Gasreschter hiweisen, déi sech tëschent deenen zwou Galaxien befannen.
Vu besonneschem Interesse ass den Halo aus waarmem Gas, déi d’Galaxis bemantelt a sech bis zu enger Distanz vun 25000 Liichtjoren vun der galaktescher Gläiche erstreckt. Vum Fuerschungssatelliten Chandra goufen héichopléisend Fotoen vun der Rëntgenemissioun vum Halos gemaach. Et gëtt ugeholl, datt och eis Mëllechstrooss vun engem Halo ëmginn ass.