Flächenhellegkeet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Flächenhellegkeet oder Uewerflächenhellegkeet gëtt an der Astronomie benotzt, fir astronomesch Objete mat grousser Flächenausdeenung, wéi Galaxien oder Niwwel ze beschreiwen.
[Änneren] Allgemeng Beschreiwung
Gëtt zum Beispill déi schäinbar Hellegkeet vun enger Galaxis mat 10m uginn, bedeit dat, datt een vun dëser Galaxis déi gläich Mass u Liicht unhëllt, wéi vun engem Stär mat der schäinbarer Hellegkeet 10m. Allerdéngs ass e Stär ganz kleng a soumat fir déi meeschten Observatiounen als punktfërmeg Liichtquell unzegesinn, während eng Galaxis eng Ausdeenung vun villen Bousekonnen oder Bouminutten kann hunn. Folglech ass eng Galaxis schwéier ze gesinn, wéi e Stär mat gläicher schäinbarer Hellegkeet. D’Flächenhellegkeet vun engem Objet gëtt un, wéi gutt en ausgedeenten Objet am Verhältnes zu engem Stär mat gläicher schäinbarer Hellegkeet ze gesinn ass.
[Änneren] Berechnung vun der Flächenhellegkeet
D’Flächenhellegkeet gëtt normalerweis mat Magnitud pro Quadratbousekonn uginn. Well déi schäinbar Hellegkeet e logarithmescht Mooss ass, kann d’Flächenhellegkeet net einfach als Divisioun vu schäinbarer Hellegkeet duerch d’Fläch berechent ginn. Dogéint gëtt fit en Objet d’Flächenhellegkeet S esou berechent:
Dobäi ass m déi schäinbar Hellegkeet vum Objet an Magnituden an A d’Flächenausdeenung vum Objets an Quadratbousekonnen.