Noyon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Noyon ass eng franséisch Gemeng am Departement Oise, an der Regioun Picardie. Et huet 14.471 Awunner (1999), d' Noyonnais, déi op enger Fläch vun 18,00 km² liewen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Noyon war schonn zu der Zäit vun de Gallier bewunnt. Et war eng staark befestegt Stad, sou dass 531 de Bëschof Medardus säi Sëtz vu Vermand heihinner verluegt huet.
Zu Noyon goufen 768 de Karel de Groussen, an den 19. August 987 de Kapetinger Hugues Capet zum Kinnek vun de Franken gewielt.
Den 13. August 1516 gouf hei en Traité tëscht dem François Ier an dem Karel V. ënnerschriwwen, an deem Frankräich Mailand zougesprach krut, mee Neapel huet missen opginn.
Am Éischten an am Zweete Weltkrich huet Noyon staark ënnert der däitscher Besatzung ze leide gehat.
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Kathedral am spéitromanesche Stil
- d'Bistums-Bibliothéik
[Änneren] Bekannte Leit
- Jean Calvin, deen hei gebuer ass.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Noyon – Biller, Videoen oder Audiodateien |