Obélix et compagnie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | |||
Sprooch | franséisch | |||
Erauskomm | 1976 | |||
Text | René Uderzo | |||
Zeechnungen | Albert Goscinny |
Obélix et compagnie ass den 23. Album aus der Astérix-Serie vum René Uderzo an Albert Goscinny.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et ?
No enger erneiter Néierlag géint eis Gallier ass den Cäsar op e Neits op der Sich no engem Wee fir dat klengt Rebellenduerf ze ënnerwerfen. De jonke Caius Saugrenus kënnt op d'Iddi et mat Sesterzen ze probéieren. D'Gallier sollen duerch de Gout vun de Suen genee sou dekadent ginn, wéi d'Politiker ronderem den Cäsar, déi nëmmen nach un Iessen an Drénken denken.
De Saugrenus mécht sech also op de Wee a Gallien a keeft dem Obélix all seng Menhiren of. Wéi seet de Saugrenus esou schéin zum Obélix: Un acheteur de menhirs et un livreur de menhirs sont faits pour s'entendre. Duerch seng nei Opträg huet den Obélix all Hänn voll ze dinn, a ka mol nëmmi mam Astérix op d'Juegd no Wëllschwäin goen. Iergendwann grommelt dann awer säi Mo, mee den Astérix bleift haart. An deem Moment kënnt den Duerfbewunner Analgésix laanscht, op senge Schëlleren dréit en e Wëllschwäin. Den Obélix decidéiert kuerzerhand, him dëst ofzekafen an sou hëlt d'Ongléck säi Laf. D'Gallier si nëmmen nach beschäftegt mat produzéieren a verkafen, well wéi den Obélix esou schéi seet: Si la demande offrée de la production satisfaite j'en fais pas assez, alors ça va faire chuter les sesterces dans la cour.
[Änneren] Kuriéises
- Säit 6: Déi zwéin Legionnären, déi ee liicht alkoholiséierten drëtte Legionnär op enger Brëtsch droen, si Karikature vum Uderzo a Goscinny.
- Säit 12: D'Nouvelle École d'Affranchis ass eng Allusioun op d'École Nationale d'Administration (E.N.A.) wou d'Haut-Fonctionnaire vu Frankräich ausgebild ginn.
- Säit 27: Déi zwee Legionnären an der 6. Case sinn eng Karikatur vu Laurel an Hardy.