Ofwäertung
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Ofwäertung ass eng bewosst a gewollt Operatioun, déi dora besteet, de Wäert vun enger Währung nei festzeleeën an no ënnen erofzesetzen, sief a bezuch op d'Gold, sief et am Verglach zu anere Währungen. Wann ofgewäert ginn ass, dann ass dat mat verschidden Absichte geschitt:
- fir d'Inflatioun ze bremsen,
- fir der Kapitalflucht e Reedel zouzemaachen,
- fir d'Wettbewerbssituatioun vun enger Wirtschaft ze verbesseren,
- kuerz fir d'Vertrauen an eng Währung rëm hierzestellen.
Fréier, wéi de Goldstandard nach bestong, huet eng Ofwäertung doranner bestan, de Géigewäert a Gold erofzesetzen. No 1974 ass aus enger Ofwäertung eng komplex multilateral Operatioun ginn, un deer méi wéi ee Land bedeelegt ass. Et geet haut duerfir och nimmi vun enger Ofwertung Rieds, awer vun enger Ännerung oder engem Ajustement vun de Währungsparitéiten. No 1974 sinn dës Ännerunge bannen an der Europäescher Unioun kollektiv virgeholl ginn a si hate munnechmol als Resultat, datt e Land géigeniwer engem Land seng Währung opgewäert a géigeniwwer engem anere Land se ofgewäert huet.