Paul Geimer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul Geimer, gebuer den 10. Oktober 1946, ass e lëtzebuergesche Sportsprofesser a Lokalpolitiker. Hien ass zu Bartreng opgewues an ass och duerno do wunne bliwwen.
Als Basketballspiller gouf hien an der Saison 1968/1969 mat der Sparta Bartreng Landesmeesschter.
An der Gemeng Bartreng ass hien 1982 als Conseiller an de Gemengerot komm. 1986 gouf hien do Schäffen an 2002 huet hien d'Nofolleg vum Niki Bettendorf als Buergermeeschter iwwerholl.
De Paul Geimer ass bestued an ass Papp vun zwee Kanner.