Philippe Schwartz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Philippe Schwartz, gebuer den 23. Juli 1985 zu Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Euphonium-Spiller.
[Änneren] Seng musikalesch Carrière
Hien huet am Alter vun 9 Joër den Euphonium entdeckt. Ugefaang huet seng Carrière an der Euphonium/Tuba Klass am Stater Conservatoire ënnert der Leedung vum Patrick Krysatis. Nodeems de Philippe 2003 den Éischte Präis am Conservatoire an ee Joer drop säi Premiärsexamen am Staater Kolléisch absolvéiert hat, huet hien sech dofir décidéiert, seng Leidenschaft, den Euphonium, zu sengem Beruf ze maachen.
Vum September 2004 un, studéiert hien an der Euphonium Klass vum international renomméierten Euphonium-Pionnéier Steven Mead um Royal Northern College of Music zu Manchester. De Philippe Schwartz huet, niewt enger Rei vun Récitalen, ënner anerem als Solist mat dem Orchestre d'Harmonie de l'UGDA an mam Harmonieorchester vun Conservatoire vu Lëtzebuerg gespillt. Hien ass ausserdeem Lauréat vum nationalen an internationalen Concours vun der UGDA. Vun 1999 bis 2004 huet hien Euphonium am Harmonieorchester vum Stater Conservatoire gespillt an e war 2003 Member vum International Wind Orchestra of the European Union.
De Philippe Schwartz ass zënter 1999 Member vun der Diddelenger Musek. Säi grousst Zil ass et, niewt dem Gelengen vu senger Solo-Carrière, den Euphonium zu Lëtzebuerg méi populär ze maachen an och d'Jugend fir dat wonnerbart Instrument ze begeeschteren. Dëst huet en, 2003, mat der Matgrënnung vun der éischter lëtzebuergescher Euphonium/Tuba Associatioun, dem Luxembourg Tuba Consortium schonns ugefaang an d'Réalitéit ëmzesetzen.