Pont de Fragnée
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
Informatiounen | ||||
Land | Belsch | |||
Stad | Léck | |||
Geographesch Lag | 50° 37' 15" N 5° 34' 44" O |
|||
Längt | 177,6 m. | |||
Breet | 17, 2 m. | |||
Felder | 3 | |||
Längt vun de Felder | 53,725 - 57,750 - 53,725 | |||
Archtitekten & Ingenieuren |
E. Jacquemin, P. Demany | |||
Typ | Boubréck | |||
Material | Stol - Steen | |||
Baujoer | 1901 - 1904 | |||
Kategorien | ||||
|
De Pont de Fragnée ass eng Bréck zu Léck déi iwwer d'Meuse geet, just op der Plaz wou d' Ourthe an d'Meuse leeft a wou d' Derivatioun vun hir fortgeet. Déi aner Bréck, déi hei iwwer d'Ourthe geet, an u si stéisst ass de Pont de Fétinne.
D' Bréck gouf gebaut tëschent 1901 an 1904 fir d'Universalaustellung vu 1905 an deem selwëchte Konstruktiounsstil wéi de Pont Alexandre-III vu Paräis.
[Änneren] Chronologie
- 1901 : D'Fëllementer gi gemaach.
- 1902 : Déi éischt Fondatiounskëscht gëtt am Floss gesat.
- 1903 : D'Gesellschaft John Cockerill kritt den Zouschlag fir d'Metallstruktur fir de Präis vun 667.940 Frang.
- 1904 : D'Bréck geet a Betrib.
- 1940 : D'Bréck gëtt op Uerder vum Ministère de la Défense nationale an d'Lucht gejot.
- 1946 : D'Bréck gëtt erëm d'selwecht opgeriicht wéi virdrun, just d'Breet vun der Fuerbunn gëtt op 17,2 m vergréissert.
- 1948 : De Verkéier rullt erëm.
- 1959 : Statuen, déi 1940 gerett gi waren, kommen erëm op hir Plaz.
- 24. Mäerz 1994 : de Pont de Fragnée, de Pont de Fétinne an de Square Gramme ginn als Monumenter vum Patrimoine wallon klasséiert.