Premierministere vun Israel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bei senger Grënnung 1948 huet de Staat Israel e parlamentarescht Regierungssystem gewielt, mat engem Premierminister (hebr. ראש הממשלה, Rosch haMemschala "Ieweschte Chef vun der Regierung") un der Spëtzt vun der Regierung an engem President als Staatschef mat virun allem repräsentative Funktiounen.
Wéi 1996 d'Direktwahl vum Premierminister agefouert gouf, ass dësem seng Roll nach gestäerkt ginn, doduerch datt hie vun do un da nimmi vun enger Majoritéit am Parlament ofhängeg ass. Well d'Direktwahl sech iewer net bewäert huet, ass Israel an der Tëschenzäit rëm op den ale Systeem zeréckkomm.
[Änneren] Premierministere vun Israel (zënter 1948)
Véier vun hinne ware während zwou Perioden, déi net direkt hannerenee louchen, a Funktioun.
'Numm | Amtsuntrëtt | Ënn vun der Amtszeit | Partei | |
1 | David Ben Gurion | 1948 | 1954 | Mapai |
2 | Mosche Scharet | 1954 | 1955 | Mapai |
David Ben Gurion (2. Kéier) | 1955 | 1963 | Mapai | |
3 | Levi Eschkol | 1963 | 1969 (gestuerf am Amt) | Mapai |
4 | Golda Meïr | 1969 | 1974 | Mapai |
5 | Jitzchak Rabin | 1974 | 1977 | Mapai |
6 | Menachem Begin | 1977 | 1983 | Likud |
7 | Jitzchak Schamir | 1983 | 1984 | Likud |
8 | Schimon Peres | 1984 | 1986 | Aarbechterpartei (Israel) |
Jitzchak Schamir (2. Kéier) | 1986 | 1992 | Likud | |
Jitzchak Rabin (2. Kéier) | 1992 | 1995 (am Amt ermuerd) | Aarbechterpartei (Israel) | |
Schimon Peres (2. Kéier) | 1995 | 1996 | Aarbechterpartei (Israel) | |
9 | Benjamin Netanjahu | 1996 | 1999 | Likud |
10 | Ehud Barak | 1999 | 2001 | Aarbechterpartei (Israel) |
11 | Ariel Scharon | 2001 | 2006 (schwéier krank gi) | Likud, Kadima** |
12 | Ehud Olmert (féiert d'Geschäfter) | 2006 | Kadima |
(*) 1968 huet d'Mapai mat anere Parteien ënner dem Numm Ma'arach zesummegaang, eng Formatioun, déi de Virleefer vun der [[Aarbechterpartei (Israel] vun haut ass.
(**) Am November 2005 ass de Scharon aus dem Likud ausgetratt an huet mat anere fréiere Likud-Memberen déi nei liberal Partei Kadima gegrënnt.