Prix de Raville
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Prix de Raville ass e Lëtzebuerger Konschtpräis deen all zwee Joer un e Lëtzebuerger Konschtschafenden, deem säi Wierk um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg ausgestallt ass, vergi gëtt.
De Präis ass 1987 vun der UCL-Bank an d’Liewe geruff ginn, a krut den Numm "Raville" wëll d’Bank am Häiser-Komplex Raville an der Stad war. Nodeems d'Dresdner Bank 1997 zwee vun den Haiser am Raville-Komplex vun der UCL-Bank ofkaf hat, huet si och d'Stëftung vum Prix de Raville mat iwwerholl.
D’Critèrë fir de Präis sinn eng héich Qualitéit an Individualitéit vun engem Wierk dat méiglechst onofhängeg vun auslännesche Konschtstréimungen an Aflëss si soll.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Laureaten
- 1987 : Patricia Lippert a Gast Michels
- 1989 : Jean-Marie Biwer
- 1991 : Anna Recker a Jeannot Bewing
- 1993 : Robert Brandy
- 1995 : Nico Thurm
- 1997 : Jean Leyder
- 1999 : Trixi Weis
- 2001 : Jhemp Bastin
- 2003 : Luc Ewen
- 2005 : Dany Prum