Provënz Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Provënz Lëtzebuerg | |
---|---|
Informationen | |
Land | Belsch |
Communautéit | Franséisch Communautéit vun der Belsch |
Chef-lieu | Arel |
Regioun | Wallounien |
Bevëlkerung | 246.820 Awunner (n.b.) |
Fläch | 4.440 km² |
Arrondissementer | 5 |
Localisatioun | |
44 Gemengen | |
D'Provënz Lëtzebuerg (fr.: Province de Luxembourg; wa.: Province do Lussimbork) ass eng vun de 5 Provënzen an der Regioun Wallounien, am Südoste vun der Belsch. De Chef-lieu ass Arel.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Historesch waren de Grand-Duché vu Lëtzebuerg an déi heiteg belsch Provënz eent an dat selwecht. Nodeems d'Belsch sech vun Holland onofhängeg gemaach huet, gouf de 14. Oktober 1831 zu London eng Konferenz aberuff, déi d'Grenze vun deem neie Staat sollt festleeën. D'Groussmiecht hunn do ënnert anerem beschloss, Lëtzebuerg ze deelen: dee westlechen Deel sollt belsch ginn, deen ëstleche giff dem hollännesche Kinnek Wëllem I. gelooss ginn, dee jo och, a Personalunioun, Groussherzog vu Lëtzebuerg war. Definiv festgeluecht gouf dat dann den 19. Abrëll 1839 am Traité vu London.
[Änneren] Geographie
D'Provënz Lëtzebuerg ass mat 4.443 km² déi gréisste belsch Provënz. Si huet 246.820 Awunner an ass a 5 Arrondissementer a 44 Gemengen ënner-agedeelt. Zwou grouss Landschafte leien hei: d'Gaume an d'Ardennen. Den héchste Punkt ass 652 m héich (Baraque de Fraiture).
[Änneren] Demografesches
Nëmme 5 Gemengen hu méi wéi 10.000 Awunner
- Arel: 24.791
- Marche: 16.390
- Éibeng: 14.663
- Baaschtnech: 13.391
- Virton: 11.009
[Änneren] Gemengen
[Änneren] Arrondissement Arel
Am Arrondissement Arel liewen 51.902 Awunner op 317 km².
- Arel (Arlon)
- Atert (Attert)
- Éibeng (Aubange)
- Maarteleng (Martelange)
- Miezeg (Messancy)
[Änneren] Arrondissement Baaschtnech
Am Arrondissement Baaschtnech liewen 40.574 Awunner op 1.043 km².
[Änneren] Arrondissement Marche-en-Famenne
Am Arrondissement Marche liewen 50.359 Awunner op 954 km².
[Änneren] Arrondissement Neufchâteau
Am Arrondissement Neufchâteau liewen 55.598 Awunner op 1.354 km².
- Bertrix
- Bouillon
- Daverdisse
- Herbeumont
- Léglise
- Libin
- Libramont-Chevigny
- Neufchâteau
- Paliseul
- Saint-Hubert (Belsch)
- Tellin
- Wellin
[Änneren] Arrondissement Virton
Am Arrondissement Virton liewen 48.387 Awunner op 771 km².
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Arel
- Geschicht vun der Belsch
[Änneren] Um Spaweck
Communautéiten Däitschsproocheg Communautéit · Flämesch Communautéit · Franséisch Communautéit
Regiounen Flämesch Regioun: Antwerpen · Flämesche Brabant · Limburg · Ostflandern · Westflandern
Wallounesch Regioun : Hainaut · Léck · Lëtzebuerg · Namouer · Wallounesche Brabant
Regioun Bréissel-Haaptstad