Raclette
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Raclette ass en original Schwäitzer Rezept. De Numm Raclette kënnt vum franséischen "racler"; d.h. ofschappen. Fréier as en halwe Kéis bei d'Feier gehale ginn bis déi iewescht Schicht ugefaang huet ze schmëlzen. Dunn ass déi Schicht op e gewiermten Teller ofgeschappt ginn a mat Peffer gewierzt ginn.
Hautdesdaags gëtt et extra sougenannte Raclettesgeräter wou ee mat Pännecher schafft. Déi Geräter ginn vun engem Hëtzstaf gehëtzt, d'Pännecher stellt een drënner an de Kéis oder wat ee soss nach dobäi mecht, wéi z.B. Paprika, Kornichongen, Ënnecher, Speck, Gromperen, oder och aner Saachen, ginn dann dorënner waarm gemeet.