Raymond Conzemius
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Raymond Conzemius, gebuer de 6. Juni 1966 zu Esch-Uelzecht, ass e fréieren lëtzebuergesche Liichtathlet a Spezialist am Héichsprong.
Mat Turnen huet hie seng sportlech Carrière ugefangen, koum awer duerno duerch seng eeler Schwester, déi am C.A. Fola lizenzéiert war, bei d'Liichtathletik. Dem Trainer Raymond Mores ass dem Raymond Conzemius seng gutt Sprongkraaft opgefall an huet hien bei den Héichsprong orientéiert.
Den 20. Juli 1983 huet hien um internationalen Cactus-Meeting mat 2,15 m dem Marc Romersa säi Landesrekord am Héichsprong égaléiert.
Um LASELs-Championnat, den 22. Mee 1984, huet de Raymond Conzemius mat iwwersprongenen 2,16 m en neie Landesrekord opgestallt.
1984 ass hie vun der Lëtzebuergescher Sportpress zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewielt ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Palmarès
[Änneren] 1983
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)
[Änneren] 1984
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,18 m)
[Änneren] 1985
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,10 m)
[Änneren] 1986
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)
[Änneren] 1994
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,11 m)
[Änneren] 1995
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,08 m)
[Änneren] 1996
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,02 m)