Red Rabbit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Buch Red Rabbit vum Tom Clancy ass e Polit-Thriller den am Joer 2002 erauskomm ass.
[Änneren] Beschreiwung
De Roman ass e vu villen aus der Serie iwwert de fiktiven Held Jack Ryan. Dëst Buch beschreift d'Geschicht ier e President vun den USA ginn ass a wou en an England als Historiker geschafft huet.
E kritt den Optrag vum engleschen a vum amerikaneschem Geheimdéngscht e russeschen Iwwerleefer ze verhéieren. Dobai stéisst hien op eng Verschwierung, wou russesch Politfonktionairen de polnesche Poopst Johannes Paul II. wëllen ëmbréngen.
De Jack Ryan gëtt ëmmer méi an dëse Konflikt eragezunn a muss mat alle Mëttelen dëst Attentat verhënneren.
Net nëmmen den Doud vum Poopst steet um Spill, mä di politesch Stabilitéit vum der ganzer westlecher Welt.
[Änneren] Ausgaben
- Orginalausgab: G.P.Putnam's Sons, New York, 2002;
- Däitsch Ausgab: Red Rabitt, München 2002; ISBN 3453877500
|
---|
Fiktioun: Net-Fiktioun: |