Relativitéitstheorie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Relativitéitstheorie befaasst sech mat der Struktur vu Raum an Zäit a mat der Gravitatioun. Se besteet aus zwou physikaleschen Theorien, déi den Albert Einstein opgestallt huet. An der 1905 veröffentlëchter spezieller Relativitéitstheorie beschreift den Einstein dass d'Liichtgeschwindegkeet e konstante Wäert huet, Raum an Zäit hänken awer vum Point de vue vun zwee Beobachter of, déi sëch relativ zouenee beweegen an all d'Phenomener déi heimat verbonne sin. Déi allgemeng Relativitéitstheorie ass am Joer 1916 veröffentlëcht ginn. Den Einstein baut déi allgemeng Relativitéit op senge Resultater vun der spezieller Théorie op. Hie probéiert z'erklären wéi d'Gravitatioun duerch eng Béiung vu Raum an Zäit verursaacht gëtt.
D'Relativitéitstheorie huet eist Verständnis vu Raum an Zäit revolutionéiert a Phenomener opgedeckt, déi sëch eiser Virstellungskraaft entzéien. Dës Phenomener sinn awer mathematësch präzis beschriwwen an duerch Experimenter bestätegt.
D'Relativitéitstheorie ass eng vun deen zwou Saile vun den Theorien vun der Physik. D'Vereenegung mat der Quantephysik(déi zweet Sail vun der Physik), ass nach ëmmer net gemaach ginn an ass eng vun deene gréissten Erausfuerderungen vun der physikalescher Grondlagefuerschung. Déi zwou Theorien erklären nach ëmmer hire Virgänger, dem Newton seng Physik, an erfëllen domat d' Korrespondenzprinzip.