Isaac Newton
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sir Isaac Newton nom gregorianesche Kalenner: gebuer den * 4. Januar 1643 zu Woolsthorpe bei Colsterworth an Lincolnshire; gestuerwen den † 31. März 1727 zu Kensington – no deem demolegen an England gëltege julianesche Kalenner: * 25. Dezember 1642; † 20. Mäerz 1727). De Newton war en engleschen Physiker, Mathematiker, Astronom, Alchemist, Philosoph an Theolog.
Hie war den Entdecker vun den Newton'schen Interferenzrëng, de Gesetzer vun der Mechanik vum Newton an der allgemenger Gravitatiounstheorie, an huet net nëmmen d'Planéitbewegungen an d'Gravitatioun tëschent de Kierperen erfuerscht, mä och d'Natur vum Liicht. Dobäi huet hie bewisen dass mat engem Prisma d'Liicht sëch an séng Spektralfaarwen vu rout bis violett opsplécke léisst.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] E bësschen aus sengem Liewen
- 1669 war hie Mathematikprof. an der Universitéit Cambridge (Engl.)
- 1699 koum hien op London
- 1703 ass hie President bei der Royal Society ginn.
Hie gëllt als ee vun de gréissten Naturwëssenschaftler.
[Änneren] Gravitatiounstheorie
Kuckt heizou och den Haaptartikel: Gravitatiounsgesetz
Den Newton huet an der "Philosophiae Naturalis Principia Mathematica", d' Gesetz vun der Gravitatioun ofgeleet an doduerch de Beweis geliwwert vun de Gesetzer vum Kepler iwwert Planéitebewegungen. Enn vum 17. Jorhonnert huet de Newton seng Allgemeng Gravitatiounstheorie verëffentlecht.
[Änneren] Den Teleskop
De Newton huet 1670 den éischte Spigelteleskop erfonnt. Et war en 30 cm laange Rouer wou d'Liicht mat Spigelen gebëndelt gouf. Doduerch goufen et keng Stéierungen méi an de Faarwen, wéi et bis dohinner mat normale Lënsen de Fall war.
[Änneren] Seng Wierker
- Method of Fluxions (1671)
- De Motu Corporum in Gyrum (1684)
- Philosophiae Naturalis Principia Mathematica London (1687)
- Opticks London (1704)
- Arithmetica Universalis Cambridge (1707)
- Analysis London (1711)
No sengem Doud sin dës Wierker verëffentlecht ginn:
- Short Chronicle
- The System of the World
- Optical Lectures
- Universal Arithmetic
- The Chronology of Ancient Kingdoms, Amended
- De mundi systemate
- An Historical Account of Two Notable Corruptions of Scripture (1754)
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Isaac Newton – Biller, Videoen oder Audiodateien |