René Pütz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De René Pütz war e Lëtzebuerger Schauspiller. Hien ass de 7. Abrëll 1940 zu Walfer gebuer, an den 30. Oktober 2002 an der Stad gestuerwen.
De René Pütz hat de Beruf vum Usträicher geléiert, hie war awer spéider Reesender fir eng Lëtzebuerger Faarwefabrik.
[Änneren] De René Pütz als Schauspiller
Mat 15 Joer stung hie schonns zesumme mam Marcel Jander zu Hesper op der Bühn. Seng Theatercarrière ass richteg am Joer 1974 beim Lëtzebuerger Theater ugaangen . Seng éischt Haaptroll hat hien am Stéck De Gréngen vum Fons Kontz. Ee vu senge groussen Erfolleger hat hien zesumme mam Marc Faber an der Jonggesellekëscht vum Alain Atten.
An der Revue, déi all Joer vum Lëtzebuerger Theater opgefouert gëtt, war de René Pütz an der Roll vum Schnëssert jorelaang eng vun den Haaptfiguren.
Hien huet awer net ëmmer de Clown gespillt, hie konnt och an eeschte Rollen iwwerzeegen, esou am Stéck De Brëtzert vum Norbert Weber.
De René Pütz war awer och um Lëtzebuerger Radio an op der Lëtzebuerger Televisioun aktiv. Hien huet och an enger ganzer Serie vu Reklammfilmer matgespillt. Derniewent huet en och nach an e puer Filmer matgespillt.
[Änneren] Filmer
- E Fall fir sech, Regie: Menn Bodson a Marc Olinger
- De falschen Hond, Regie: Menn Bodson, Marc Olinger a Gast Rollinger