Rex Stout
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Rex Todhunter Stout, gebuer den 1. Dezember 1886 zu Noblesville am Indiana a gestuerwen de 27. Oktober 1975 zu Danbury am Connecticut war en US-amerikanesche Schrëftsteller.
Bekannt gouf de Rex Stout wéinst senge Kriminalgeschichte mam Privatdetektiv Nero Wolfe an deem sengem Assistent Archie Goodwin als Protagonisten.
[Änneren] Den Nero Wolfe a säin Detektivbüro
An der 35. Strooss zu New York "residéiert" de Nero Wolfe, 140 Kilo, an engem Zillenhaus. Hien ass spezialiséiert op Mordfäll, déi hie vu sengem Schreifdësch aus léist. Fir de Kontakt mat der Baussewelt ass säi Sekretär a Meedche fir Alles zoustänneg, den Archie Goodwin, deen sech mat der Zäit un déi exzentresch Liewensweis vu sengem Chef gewinnt huet; kee geschäftlech Gespréich beim Iessen an den Hass op Fraen. De Wolfe kann d'Frae net ausstoen, besonnesch net déi di sech a sengem Büro hysteresch opféieren. Beruflech kritt e sech dacks an d'Hoer mam Inspekter Cramer an dem Sergeant Purley Stebbins vun der New Yorker Mordkommissioun.
Den Nero Wolfe staamt aus dem Montenegro a seng Leidenschaft ass seng Orchideeënzuucht.
Beim Nero Wolfe wunnen den Archie, de Fritz Brenner, e Schwäizer Kach dee fir exquisit Molzechte suergt, an den ale Gäertner, den Theodor Horstman, dee sech ëm d'Orchideeë këmmert.
[Änneren] D' Nero-Wolfe-Romaner
- Fer-de-Lance, (1934), Die Lanzenschlange (Point of Death) den éischten Nero Wolfe-Roman
- The League of Frightened Men, (1935), Die Liga der furchtsamen Männer
- The Rubber Band, (1936), Die Gummibande (To Kill Again)
- The Red Box, (1937), Die rote Schatulle
- Too Many Cooks, (1938), Zu viele Köche
- Some Buried Caesar, (1939), Der rote Bulle, (The Red Bull) - Den Archie Goodwin léiert d' Lily Rowan kennen.
- Over My Dead Body, (1940), Nur über meine Leiche
- Where There's a Will, (1940), Kennzeichen Wilde Rose
- The Silent Speaker, (1946), Mord im Waldorf-Astoria
- Too Many Women, (1947), Zu viele Frauen
- And Be a Villain, (1948), Aufruhr im Studio (More Deaths Than One) - Den Arnold Zeck trëtt op.
- The Second Confession, (1949), Das zweite Geständnis - Zweeten Arnold Zeck-Roman.
- Even in the Best Families, (1950), Sogar in den besten Familien - Drëtten Arnold Zeck -Roman
- Murder by the Book, (1951), Orchideen für sechzehn Mädchen
- Prisoner's Base, (1952), Gast im dritten Stock
- The Golden Spiders, (1953), Die goldenen Spinnen
- The Black Mountain, (1954), Nero Wolfe in Montenegro
- Before Midnight, (1955), Vor Mitternacht
- Might as Well Be Dead, (1956), P.H. antwortet nicht
- Three Witnesses, (1956), Verworrene Fäden
- If Death Ever Slept, (1957), Der Schein trügt
- Champagne for One, (1958), Die Champagner-Party
- Plot It Yourself, (1959), Das Plagiat
- Too Many Clients, (1960), Zu viele Klienten
- The Final Deduction, (1961), Erstens kommt es anders...
- Gambit, (1962), Gambit
- The Mother Hunt, (1963), Das große Fragezeichen
- A Right to Die, (1964), Wenn Licht ins Dunkel fällt
- The Doorbell Rang, (1965) Per Adresse Mörder X
- Death of a Doxy, (1966)Leiche in bestem Verhältnis
- The Father Hunt, (1968), Die Sünden der Väter
- Death of a Dude, (1970), Blutige Blaubeeren
- Please Pass the Guilt, (1973), Jedermanns Bombe
- A Family Affair, (1973), Tödliche Zigarren