Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 1. Dezember ass den 335. Dag (336. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1640: Portugal gëtt nees vu Spuenien onofhängeg.
- 1918: Island gëtt e selbstännegt Kinnekräich, bleift awer mat Dänemark a Personalunioun verbonnen.
- 1918: D'Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Slowenen gëtt gegrënnt.
- 1918: Transilvanien vereenegt sech mat Rumänien.
- 1953: Den Hugh Hefner gëtt déi éischt Nummer vum "Playboy" eraus.
- 1955: D'Rosa Parks gëtt zu Montgomery (Alabama) festgeholl, well s'an engem Bus engem Wäissen net wollt hir Plaz iwwerloossen. Dëst hat de Bus-Boykott vu Montgomery zur Folleg, deen zum Ophiewe vun der Rassentrennung an den USA mat bäigedroen huet.
- 1982 De Felipe González gëtt Ministerpresident a Spuenien.
- 1884: Karl Schmidt-Rottluff, däitsche Moler.
- 1894: Joseph Sunnen, lëtzebuergesche Moler.
- 1886: Rex Stout, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1908: Ernesto De Martino, italieneschen Anthropolog.
- 1923: Morris (Maurice de Bévère), belsche Comic-Zeechner an -Auteur (Lucky Luke).
- 1935: Woody Allen, US-amerikanesche Komiker, Regisseur, Auteur a Schauspiller.
- 1937: Vaira Vike-Freiberga, lettesch Politikerin a Staatspresidentin.
- 1941: Jesús Moncada, spuenesche Schrëftsteller.
- 1956: Germain Wagner, lëtzebuergesche Schauspiller.