Robert Emeringer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Robert Emeringer, gebuer de 4. Juli 1949 zu Déifferdeng ass e Lëtzebuerger Glaskënschtler.
Beim däitsche Glasmécher Paul Rohleder fänkt de Robert Emeringer un, sech an d'Glas eranzeschaffen. Tëscht 1964 an 1970 studéiert hien Glastechniken wéi Schneiden, Schläifen, Poléieren, mat Saier schaffen a Sandstralen.
1970 plënnert de Robert Emeringer op Grubbenvorst an Holland. Do schafft hie bei verschiddene Glasmécher. E puer Reesen an Asien erlaben him, sech an déi indesch an tibetanesch Glaskonscht eranzeknéien. Hie lieft ee Joer an Indien.
Vun 1980 bis 1986 léiert den Emeringer beim Glasmécher-Meeschter Gust Zanter Glasmolerei, Glasmosaik, Glasgravur an d'Forme vum Glas duerch Hëtzt.
Natierlech gehéiert d' Restauratioun vu Kierchefënsteren och zu der Aarbecht vun engem Glaskonschtatelier.
De Robert Emeringer huet zu Aasselbur säin Atelier zesumme mat der lettescher Kënschtlerin Zaiga Baiza.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Zaiga Baiza