Robert Stolz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Robert Stolz, gebuer de 25. August 1880 zu Graz a gestuerwen de 27. Juni 1975 zu Berlin, war en éisterräichesche Komponist.
De Robert Stolz war Theaterkapellmeister zu Brünn, Mannheim a Wien. 1938 ass hien an Amerika emigréiert an 1946 koum en op Wien zréck.
Hien huet méi wéi 60 Operette komponéiert. Hei sinn der just e puer opgezielt:
- "Wenn die kleinen Veilchen blühen" (1923)
- "Venus in Seide" (1932)
- "Frühling im Prater" (1949)
Des weideren huet hien eng Rei Filmmusiken komponéiert. Enner aneren:
- "Zwei Herzen im Dreivierteltakt" (1930)
- "Ich liebe alle Frauen" (1935)