Roger Bertemes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Roger Bertemes, * 4. Juli 1927 zu Béiwen bei Wolz, † 28. November 2006 war e lëtzebuergesche Moler, deen zu Lëtzebuerg geschafft huet.
Hie war zu Paräis am Atelier vum Johnny Friedlaender, wou hien d'Gravure geléiert huet. Och wa seng Compositiounen een abstrakte Charakter hunn, dann erënnere seng roueg Faarwen dach un d'Éislek. Si l'art de Roger Bertemes nous saisit si fort (...), schreift de Lucien Kayser 1987, c'est qu'il possède au plus haut point les trois vertus plastiques que mentionne Apollinaire: la pureté, l'unité et la vérité.
De Roger Bertemes huet zu Lëtzebuerg an am Ausland op ville Plazen ausgestallt, souguer an den USA an a Brasilien.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Auszeechnungen
- 1950: Prix Grand-Duc Adolphe
- 1969: Biennale de la Gravure, Buenos Aires
- 1992: Prix Pierre Werner
[Änneren] Collectiounen
Seng Biller kann een a ville Collectioune gesinn:
- Lëtzebuerger Konschtmusée
- Stad Lëtzebuerg
- Nationalbibliothéik
- Stad Esch-Uelzecht
- Library of Congress zu Washington, a sou weider.
- Kierchefënsteren huet hien entworf fir d'Kierche vu Beggen, Betzder, Suessem a Lampech
[Änneren] Literatur
- N. Klecker: Roger Bertemes, Eng Publicatioun vum Institut Grand-Ducal (1984)
- BCEE: 50 artistes pour un demi-siécle de peinure et de sculpture luxembourgeoises, Collection de la Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat (1998)