Rout
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Rout ass eng Primärfaarf, déi ganz um laangwellegen Enn vum Liichtspektrum läit, deen de Mënsch nach gesäit. D'Wellelängt vu rout läit bäi 630-760 nm a grenzt direkt un d'infrarout Strahlung.
An der Symbolik vun de Faarwe steet rout dacks fir d'Léift, mee awer och fir Aggressivitéit.