Schwaarzspiecht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Vullen | ||||
Uerdnung : | Spiechtvullen | ||||
Famill : | Spiechten | ||||
Ënnerfamill : | Echt Spiechten | ||||
Gattung : | ‘’Dryocupus’’ | ||||
|
|||||
|
|||||
De Schwaarzspiecht (Dryocopus martius) ass de gréisste vun den europäesche Spiechten. E ka bis 51 cm. grouss ginn.
Seng Plomme si schwaarz an en huet eng rout Käppchen (bei de Weibercher nëmmen am Genéck). En huet kleng giel Aen an en zolitte Schniewel. De Schwaarzspiecht lieft an de Bichen- an Dännebëscher a säi Getrommels ass vu wäitem ze héieren.
Hie mécht säin Nascht andeems a gesond Beem (normalerweis Bichen) eng Hiel meesselt déi wéi e Pëtz no ënne geet (bis 50 cm déif). D’Weibche leet dann 3-4 Eeër, an d’Brutzäit ass kuerz (12 Deeg). Déi jonk Spiechte fléie no 28 Deeg aus dem Nascht.
Ausser der Brutzäit ass et e sesshafte Vull an Eenzelgänger. Seng Näschter ginn no senger Brut och vun aneren Déiere benotzt wéi der Dohl (Corvus monedula), dem Rauhfousskauz (Aegolius funereus), dem Bammarder (Martes martes), an souguer vun enger Intenzort der Schellint (Bucephala clangula).
De Schwaarzspiecht war ëmmer an de Biergbëscher an Nord- an Zenraleuropa doheem, mee zënter dem Ufank vun de 1960er Joren huet sech am flache Land bis op den Atlantik breet gemaach, ouni datt genee gewosst ass firwat. Et gëtt ugeholl datt et duerch Ëmstelle vu forstleche Praktiken ass, mee d’Ornithologe verrenne sech och a verschiddenen Opfaassungen.
[Änneren] Bibliographie
- (fr) Michel Cuisin : « Essai d'une monographie du Pic noir Dryocopus martius », Alauda, 1967-1968.
- (fr) R. Peterson, G. Mountfort, H. Hollom / P. Géroudet : Guide des oiseaux de France et d'Europe. Éditions Delachaux et Niestlé. ISBN 2603014463
- (fr) « Les aventures d'Arsène Lepic » dans La Hulotte, n°82, 2002. ISSN 0337-2154
- (en) Hans Winkler, David Christie, David Nurney : Woodpeckers. Pica Press, 1995. ISBN 1873403259