Sekonn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Sekonn (verkierzt v. lat. pars minuta secunda - wat hannert dem diminuéierte Part (nach eng Kéier) diminuéiert kënnt = sequi) ass d'SI-Basiseenheet vun der Zäit.
- Eenheetenzeechen: s, viraals och sec
- Formelzeechen: t
Am SI-Eenheetesystem ass d'Sekonn duerch en atomart Zäitnormal definéiert, well een domadder eng vill méi grouss Genauegkeet a laangfristeg Konstanz kritt wéi mat der astronomescher Zäitnormaler wéi der Sonnesekonn oder der Ephemeridesekonn.
Eng Sekonn ass der Definitioun no dat 9.192.631.770-facht vun der Period vun enger Mikrowell, déi mat engem ausgewielten Zoustand Niveausiwwergang am Cäsiumatom a Resonanz ass. Aneschters formuléiert: dat 9.192.631.770-facht vun der Periodendauer, vun der dem Iwwergank tëscht den zwee Hyperfäinstrukturniveauë vum Grondzoustand vun Atome vum Nuklid Cs133 entspriechender Stralung.
Et ass sech dorobber festgeluecht ginn, fir datt en duerchschnëttleche Sonnendag, deen enger Dréiung vun der Äerd ëm hir Achs entsprëcht, esou datt d'Sonn erëm un deer selweschter Plaz ze gesinn ass (dat war déi historesch Definitioun vun der Sekonn), genau 24 · 60 · 60 Sekonne laang ass. Well dat wéinst der Décélératioun vun der Äerdrotatioun (Gezäite-Reiwung) a wéinst e puer onregelméissegen Ännerungen duerch Magmastréim tëschent der Äerdkuuscht an dem Äerdkär net méi ganz stëmmt, goufe Schaltsekonnen agefouert.
Ganz kuerz Zäite ginn a Millisekonnen, Mikrosekonnen, Nanosekonnen, Picosekonnen oder Femtosekonne gemooss.