Smallville
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Televisiounsserie
Daten | |
---|---|
Originaltitel: | Smallville |
Produktiounsland: | USA |
Éischt Folleg: | 16. Oktober 2001 |
Dauer: | 42 Minutten |
Originalsprooch: | Englesch |
Folgen: | 126 |
Equipe | |
Schëpfer: | Alfred Gough, Miles Millar |
Produzent: | Alfred Gough, Miles Millar |
Haaptacteuren | |
Tom Welling Kristin Kreuk Michael Rosenbaum John Glover |
Smallville ass eng US-amerikanesch Televisiounsserie, déi fir d'éischte Kéier de 16. Oktober 2001 gelaf ass, an nach ëmmer leeft.
An der Serie geet ët ëm d'Jugend vum Clark Kent, dem spéidere Superman, a senge Frënn a Géigespiller a senger Heemechtstad Smallville, Kansas.
Geschaf gouf Smallville vun Alfred Gough a Miles Millar, an ass de 16. Oktober 2001 um WB Network fir d'éischte Kéier ausgestrahlt ginn. Haut leeft d'Serie an den USA um The CW an ass an hirer sechster Staffel.
An Europa leeft Smallville bei eisen däitschen Noperen op RTL, a Frankräich op M6, an der Belsch op La Deux an an Éisträich um ORF. Gefilmt gëtt ronderëm Vancouver, British Columbia, Kanada.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet ët ?
Nodeems 1989 e Reen vu Meteoriten iwwert der Klengstad Smallville, Kansas, néiergaangen ass, geschéien hei komesch Saachen. Vill Leit kruten duerch den Afloss vun de Meteorite (Kryptonit) besonnesch Fähegkeeten. Mee ët huet net nëmme Steng gereent, dësen Dag ass och de klenge Kal-El a séngem Raumschëff op d'Äerd komm, dee vill Joere méi spéit zum Superman gëtt.
Fonnt gëtt de klenge Jong vun der Koppel Martha (Annette O'Toole1) an Jonathan Kent (John Schneider2), wéi dës no engem Ausfluch an d'Stad nees um Wee zeréck op hir Farm fueren. D'Martha, déi selwer keng Kanner kréie kann, entscheed sech, de klenge Jong ze behalen, an d'Koppel gëtt him den Numm "Clark".
12 Joer méi spéit geet den Teenager Clark Kent (Tom Welling) an de Lycée, an ass an d'Nopeschmeedchen Lana Lang (Kristin Kreuk) verléift. Fir d'éischte Kéier begéint hien och dem Lex Luthor (Michael Rosenbaum) deem hie bei engem Autosaccident d'Liewe rett. Am Laf vun den éischte Staffele sinn dem spéidere Superman seng Nemesis an de Clark esouguer richteg gudd Frënn.
Weider Kommerode sinn d'Chloe Sullivan (Allison Mack), de Pete Ross (Sam Jones III) a spéider d'Lois Lane (Erica Durance).
[Änneren] Haaptduersteller
- Tom Welling als Clark Kent.
- Michael Rosenbaum als Alexander "Lex" Luthor.
- Kristin Kreuk als Lana Lang.
- Allison Mack als Chloe Sullivan.
- Annette O'Toole als Martha Kent.
- John Glover als Lionel Luthor.
- Erica Durance als Lois Lane.
- John Schneider als Jonathan Kent.
- Sam Jones III als Pete Ross.
[Änneren] Notizen a Referenzen
1: D'Annette O'Toole huet am Film Superman III d'Lana Lang gespillt.
2: Bo Duke an der Serie The Dukes of Hazzard.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Smallville – Biller, Videoen oder Audiodateien |