Superjhemp contra Superjhemp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
![]() |
||||
Land | Lëtzebuerg | |||
Sprooch | Lëtzebuergesch | |||
Erauskomm | 1993 | |||
Text | Lucien Czuga | |||
Zeechnungen | Roger Leiner |
Superjhemp contra Superjhemp ass de 6. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.
[Änneren] Ëm wat geet et ?
De Charel Kuddel sëtzt gemittlech an enger Diskussiounsronn am Ëmweltministär, do gi se gestéiert vum Kaméidi vum Superjhemp, dee grad amgaang ass, Dreck an d'Paulus ze tippen. Dem Charel bleift de Mond opstoen, well heen ass jo eigentlech de Superjhemp. Mee domat net genuch, knapps ass de Charel erëm doheem, do gesäit e seng Fra Félicie um Plafong pechen. Den Dokter, deen direkt ugerannt koum, mengt d'Félicie wier an aner Ëmstänn. Wann de Bëbee eppes vu sengem Papp senge Superkräfte geierft huet, géif dat och erklären, firwat d'Félicie op eemol fléie kann.
Mee zréck bäi den Dreck: den Dag drop gëtt de Superjhemp derbäi erwëscht, wéi en Dreck an d'Escher Brëll-Strooss tippt. An de Prënz Luc beklot sech, e géif vum Superjhemp erpresst ginn, dee weiderfuere wéilt, d'Land mat Dreck zouzetippen, wann de Prënz net zugonschte vum Filip von Filoux op säin Troun verzichte géif. De Charel Kuddel ass déck besuergt, wat do am Numm vu sengem Alter Ego geschitt, a beschléisst als Superjhemp bäi de Prënz op Koma-Bierg ze fléien, fir e vu senger Onschold ze iwwerzeegen. Dee gleeft him och, mee d'Koma-Bierger-Bierger, déi de Superjhemp an der Lut gesinn haten, stiermen d'Schlass fir hire Prënz aus deer scheinbarer Gefor ze retten. De Superjhemp muss sech duerch d'Bascht maachen an e kënnt esou duerch e Geheimgank vum Schlass am onbewunnten Uert Caltöville eraus. Wéi en do duerch eng Fënster luusst, gesäit en de Filip von Filoux um falsche Superjhemp bastelen, dëm Robojhemp. Well de Superjhemp (dee richtegen) kee Kachkéis méi huet, kann e kuerfristeg ausser Gefecht gesat ginn.
Dëst gëtt dem Filip von Filoux d'Geleeënheet, mat senger zweeter Kreatioun, dem Ris Eikling a sengem déidlechen Ozonestral, bäim Prënz Luc opzedauchen an do seng Fuerderung nom Troun mat nach méi Nodrock virzedroen. De richtege Superjhemp wëll zwar a leschter Sekonn nach zu Hëllef kommen, mee de falsche Superjhemp fänkt en an der Lut of an et kënnt zu engem Kampf op Liewen an Doud, deem dee richtege Superjhemp awer net esou richteg gewues schéngt. Do daucht op eemol nach en drëtte Superjhemp op a gräift och an de Kampf an. Ass dat e Kolleg vum richtege Superjhemp, oder nach e Roboter, wéi schonns de Robojhemp an de Ris Eikling?
[Änneren] Kuriéises
Gläich dräi Superjhempen an engem Album, ma wann dat net kuriéis genuch ass!