Theodizee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Theodizee (vu gr. θεός = Gott an δίκη = Gerechtegkeet) ass e Problem mat deem déijéineg Relioune (besonnesch d'Chrëschtentum) konfrontéirt sinn, déi e Gott mat folgenden Eegeschafte postuléieren:
- allmächteg
- allgüteg
- allwëssend.
Well dës Eegeschaften, logesch gesinn, net mat der Existenz vu Leed an der Welt kompatibel sinn, op mannst net mat deem, wat duerch Naturkatastrophen entsteet (Leed dat op iergend eng Manéier de Mensch als Uersaach kann hunn, kann nämlech dësem senger Fräiheet ze verbuche sinn). Engem allwëssenden (1), allgütegen (2) an allmächtege (3) Gott muss et awer
- bekannt sinn, datt Leed existéiert, a wéi d'Mënschen et emfannen
- leed doen, seng Geschöpfer am Leed ze gesinn
- méigelech sinn, d'Mënsche virun deem Leed ze beworen.
[Änneren] "Léisungsusätz"
Eng Léisung déi der formaler Logik gerecht gëtt ass evidenterweis net méigelech.
- Et ass méigelech un den Eegeschafte vu Gott ze freckelen an eng ze relativéieren, mee dest steet dann meeschten em Géeigesaatz zum Gottesbild vun dem een ausgeet.
- D'Leed an der Welt ka relativéiert ginn.
- Esou gesinn den Augustinus an den Thomas vun Aquin am Leed/Béisen just e Feele vu Guddem: dem Béise kennt keng Existenz zou.
- De Gottfried Wilhelm Leibniz seet mir gengen an der bescht méigelecher Welt liewen.
- Et muss een aushalen datt et keng Léisung gëtt déi eis zefriddestellt.