Thukydides (Historiker)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Thukydides (~460/455 - † ~399) wor e griicheschen Historiker.
Berühmt gouf hien duerch säi Wierk iwwert d'Geschicht vum Peloponnesesche Krich. Als direkten Zeie vum Krich, deem seng Bedeitung hie scho fréi erkannt huet, huet en säi Wierk am Exil an Thrakien niddergeschriwwen. Am Géigesaz zum Herodot wollt hien nëmmen dat opschreiwen, wat wierklech geschitt ass. Säin Zil war et, en kloren Text ze hunn, deen op d'Géigewaart bezunn ass. Allerdengs léisst en der Tyche, dem Zoufall, en grousse Spillraum. Säi Wierk huet eng kloer Struktur, ass an engem relativ niichterne Stil geschriwwen a weist eis seng vill Quellen déi hie benotzt huet. Säi Wierk, dat aus 8 Bicher besteet, gëtt meeschtens an 5 Deeler opgedeelt: 1) Introduktioun, 2) Archidamesche Krich, 3) De Fridde vum Nikias, 4) D'Expeditioun a Sizilien, 5)Dekeleësch-Ionesche Krich. Dat 8. Buch hält abrupt am Joër 411 op, wourunner den Historiker Xenophon a senger Hellenika uknäppt.
Fir den Thukydides ass ee vun den Haaptgrënn déi zum Krich gefouert hun d'Hegemonie vun Athen wat Sparta sech net méi wollt gefale loossen. Den Athener Perikles ass fir hien de Prototyp vum grousse Staatsmann, och wann dësen Athen an de Krich gefouert huet.
Net zu Onrecht gëtt dacks behaapt, datt dem Thukydides säi Wierk zu engem vun de bedeitendsten Geschichtswierker vun allen Zäiten zielt, an och nach groussen Afloss hautzudags huet. Natierlech muss een oppassen dem Thukydides dowéinst net blann ze vertrauen, och hie konnt net alles wëssen (zum Beispill feelt a sengem Wierk de Kalliasfridden) mee ët ass vrun allem seng Objektivitéit déi hien zu engem groussen Historiker gemaach huet.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Literatur zum Thema
- Thukydides, Der Peloponnesische Krieg, Reclam, ersg. vun H. Vrestka a W. Rinner, Stuttgart, 2000. ISBN 3-150-01808-0
- Thukydides, La Guerre du Péloponnèse, folio classique, Paräis, 2000. ISBN 2-07-040068-9