Torrox
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Torrox ass eng Klengstad an eng Gemeng an der Provënz Malaga an Andalusien, Spuenien.
Torrox besteet aus Torrox-Pueblo beim Fouss vun der Sierra Nevada an Torrox-Costa un der Costa del Sol.
Op 50,49 km2 wunnen 12.901 Awunner (Stand 2004). Torrox läit 36° 46' nërdlech an 03° 57' ëstlech. Op der Ostsäit vun Torrox-Costa' steet de Faro de Torrox, e vollautomatesche Liichttuerm, dee 26 Meter héich ass (39 m iwwer NN) an am Joer 1864 gebaut gouf.