Andalusien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Andalusien (sp: Andalucía) ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Andalusien läit am Süde vu Spuenien a grenzt am Norden u Kastilien-La Mancha an un Extremadura, am Süden un d'Mëttelmier an am Westen u Portugal. Andalusien huet eng Fläch vun 87.268 km² an hëlt domat 17,2 % vu Spuenien an. D'Haaptstad ass Sevilla.
[Änneren] Andeelungen
Andalusien ass an 8 Provënzen agedeelt, déi hirerseits an 770 Gemengen agedeelt sinn.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Andalusien | Sevilla | Almería | Almería |
Cádiz | Cádiz | ||
Córdoba | Córdoba | ||
Granada | Granada | ||
Huelva | Huelva | ||
Jaén | Jaén | ||
Málaga | Málaga | ||
Sevilla | Sevilla |
[Änneren] Geschicht
D'Regioun Andalusien ass zënter dem 11. Januar 1982 eng autonom Gemeinschaft.
[Änneren] Politik
De President ass den Manuel Chaves González (PSOE). Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress sinn 62 Sëtz an am Senat sinn et 8 Sëtz.
[Änneren] Demographie
Am Joer 2005 ass d'Awunnerzuel 7.849.799, dat si 17,80 % vun der spuenescher Populatioun an domadder déi meescht bevëlkert Regioun a Spuenien.
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Gemengen vun Andalusien
- Autonom Gemeinschafte vu Spuenien