UN Käerjéng 97
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
UN Käerjéng | |||||||||||||||||||||||||||||||||
Offiziellen Numm: | U.N. Käerjéng 97 (U=Uewer / N=Nidder) |
||||||||||||||||||||||||||||||||
Veräinsfaarwen: | Rout-Blo | ||||||||||||||||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Grënnung: | 1997 | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Stadion: | Terrain um Bëchel, Nidderkäerjeng |
||||||||||||||||||||||||||||||||
Plazen: | 1 150 | ||||||||||||||||||||||||||||||||
President: | Nico Zenner | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Trainer: | Angelo Fiorucci | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Liga: | Nationaldivisioun | ||||||||||||||||||||||||||||||||
2005/06 | Nationaldivisioun, 6. Plaz | ||||||||||||||||||||||||||||||||
|
UN Käerjéng 97 ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Käerjeng. De Veräin ass 1997 aus der Fusioun vun de Clibb aus der Käerjenger Gemeng, dem FC Jeunesse Uewerkäerjeng (FC Jeunesse Hautcharage) an der US Nidderkäerjeng (US Bascharage) entstan. D'Union Sportive Bascharage, 1928 gegrënnt, huet an hirer leschter Saison 1996/97 drëtt Divisioun gespillt, den 1919 gegrënnte Football Club Jeunesse Hautcharage dogéint, hat deemools nëmme just knapp den Opstig aus der éischter Divisioun an d'Éirepromotioun verpasst. Nidderkäerjeng huet am Laf vun Zäit meeschtens an der éischter Divisioun oder der Éirepromotioun gepillt. An der Saison 1981/82 waren se an der Nationaldivisioun.
Den neie Veräin UN Käerjéng ass 1997/98 dunn amplaz vun der Uewerkäerjenger Jeunesse vun der éischter Divisioun aus an d'Championat gestart an nach d'selwecht Saison an d'zweethéchst Spillklass geklomm. No siwe Joer Éirepromotioun ass Käerjeng 2004/05 an d'Nationaldivisioun gestigen.
D'UN Käerjéng 97 spillt hir Championatsmatcher op dem Terrain um Bëchel zu Nidderkäerjeng (Tribün mat 150 iwwerdeckte Stéiplazen).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] FC Jeunesse Uewerkäerjeng
[Änneren] Nationale Palmarès
- Gewënner (1x): 1971
[Änneren] Europäesch Kompetitiounen
D'Jeunesse vun Uewerkäerjeng huet nëmmen eng Kéier europäesch gespillt. Am Europapokal vun de Pokalgewënner 1971/72 sinn d'Käerjenger zweemol elle géint Chelsea ewech gefuer, fir d'éischt mat 0-8 doheem, dunn mat 0-13 am Stadion vu Stamford Bridge. D'Goaldifferenz vun 0-21 an nëmmen enger Ronn ass bis haut trauregen Negativrekord vun enger Veräinsequipe bei europäesche Kompetitiounen.
Saison | Kompetitioun | Ronn | Land | Club | Resultat |
---|---|---|---|---|---|
1971/72 | EP Pokalgewënner | VR | Chelsea FC | 0-8, 0-13 |
VR = Virronn
[Änneren] Um Spaweck
Nationaldivisounsveräiner 2006-07 | ||
---|---|---|
FC Déifferdeng 03 | F91 Diddeleng | FC Etzella Ettelbréck CS Gréiwemaacher | Jeunesse Esch | UN Käerjeng 97 | FC Mamer 32 FC Monnerech | CS Péiteng | FC Progrès Nidderkuer | Racing FC Union Lëtzebuerg FC Swift Hesper | FC Victoria Rouspert | FC Wolz 71 |