Verbandsgemeng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Verbandsgemeng ass eng Gebittskierperschaft, déi aus engem Verband vun e puer Membergemenge besteet, déi hir bestëmmten Aufgaben iwwerdroen hunn. Déi eenzel Membergemenge behale fir de Rescht awer hir rechtlech Selbststännegkeet.
Dëse Konzept vun der Kompetenzzesummeleeung ass an Däitschland d'Regel, d'verbandsfräi Gemenge sinn éischter an der Minoritéit. Zu Lëtzebuerg ass et awer just de Contraire, do sinn déi a Regionalverbänn organiséiert Gemengen, déi vun de Synergië vun esou engem Verwaltungsverband profitéiere wëllen, ëmmer nach d'Ausnam.
Streng geholl gëtt de Begrëff Verbandsgemeng just a Rheinland-Pfalz offiziell gebraucht. Mee an anere Bundesländer gëtt et ganz ähnlech Ariichtunge wéi déi vun de Verbandsgemengen, an déi da just aner Bezeechnungen hunn.