Rheinland-Pfalz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fändel | Wopen |
---|---|
![]() |
![]() |
Basisdaten | |
Haaptstad: | Mainz |
Fläch: | 19.847,39 km² (9.) |
Awunner: | 4.059.604 (7.) (30. Juni 2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 205 Awunner/km² (9.) |
Politik | |
Stëmmen am Bundesrat: | 4 |
Ministerpresident: | Kurt Beck (SPD) |
Parteien an der Regierung: | SPD-FDP-Koalitioun |
Sëtzverdeelung am Landtag (101 Sëtzer): |
SPD 53 CDU 38 FDP 10 |
Lokalisatioun | |
![]() |
D'Rheinland-Pfalz ass e Bundesland am Südweste vun der Bundesrepublik Däitschland, wat den 18. Mee 1947 gebilt gouf. Gëlteg Ofkierzunge sinn RLP, RPF bzw. RP (woubäi dat lescht mat der neier Autosplack vum Rhein-Pfalz-Krees ka verwiesselt ginn).
D'Rheinland-Pfalz grenzt un d'Bundeslänner Nordrhein-Westfalen, Hessen, d'Saarland, Baden-Württemberg an un d'Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] De Wopen a seng Symboler
D'Landeswope vu Rheinland-Pfalz besteet aus dem Léiw vun der Pfalz, dem Kräiz vum Erzbistum a Kurfürstentum Tréier souwéi dem Mainzer Rad an erënnert domadder un d'Kurfürstentümer Tréier, Mainz a Pfalz, déi bis 1806 existéiert hunn.
Dat iewescht rietst Drëttel hëlt dat zanter 1273 attestéiert Wouerzeeche vum Erzbistum Tréier an, d'roud Kräiz op wäissem Hannergrond. Am lénken ieweschten Drëttel ass op roudem Hannergrond d'Sëlwerrad mat sechs Speechele vum Erzbistum Mainz, wat och zënter dem 13. Joerhonnert als Sigel agefouert gi war. De gëlle Léiw am ënneschte schwaarzen Drëttel steet fir d'Kurpfalz, an ass ob de besonnesche Rang vun den Herzoge vu Bayern als "Pfalzgrafen bei Rhein" zeréckzeféieren. Iwwert dem Schëld steet eng Kroun aus fënnef gëllene Wäiblieder, Rheinland-Pfalz ass e bedeitend Däitscht Wäibaugebidd.
[Änneren] Geographie
D'Rheinland-Pfalz ëmfaasst am Norde vun de Rheinesche Schieferbierger de südlichen Deel vun der Eifel, den Hunsrück, de westleche Westerwald an de nordwestlechen Deel vum Taunus, souwéi am südliche Beräich d'Rheinhessescht Hiwwelland, d'Nordpfälzer Biergland, de Landstuhler Bruch, d'Südwestpfälzesch Héichfläch, de Pfälzer Bësch an en Deel vun der Uewerrheinescher Déifebene. Den héchste Bierg ass den Erbeskopf (816 m) am Hunsrück. Kuckt heizou och Bierger an der Rheinland-Pfalz.
Duerch Rheinland-Pfalz fléissen déi grouss Bundeswaasserstroosse Rhein, Musel, Saar a Lahn. Weider Flëss sinn Nahe, Sauer, Our, Glan a Sieg. Kuckt heizou och Flëss an der Rheinland-Pfalz.
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Administratioun
[Änneren] Landkreeser
Kuckt heizou och d'Lëscht vun de Landkreeser an Däitschland
An der Rheinland-Pfalz ginn et 24 Landkreeser:
|
[Änneren] Kreesfräi Stied
|
|
Kuckt heizou och d'Lëscht vun de kreesfräie Stied an Däitschland.
[Änneren] Regiounen
Rheinland-Pfalz ass an 9 Regiounen agedeelt:
[Änneren] Economie
[Änneren] Kultur
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] Bauwierker a Kierchen
Uertschaft | Kuckeswäertes |
---|---|
Andernach |
|
Bingen um Rhein |
|
Bad Kreuznach |
|
Idar-Oberstein |
|
Koblenz |
|
Mainz |
|
Rhens |
|
Remagen |
|
Sankt Goarshausen |
|
Schifferstadt |
|
Speyer |
|
Tréier | |
Worms |
|
Vulkaneifel |
|
[Änneren] UNESCO Weltierfschaft
- 1981 - K - Doum zu Speyer
- 1986 - K - Dat réimescht Tréier (dorënner och d'Igeler Sail), den Doum St. Peter an d'Léiffraekierch
- 2002 - K - Kulturlandschaft Mëttelse Rhäin tëschent Koblenz a Bingen
- 2005 - K - De 550 km laange Uewergermanesche-Rätesche Limes tëschent Rheinbrohl a Eining
[Änneren] Buergen a Schlässer
Numm | Art/Zuustand | Uertschaft/Lag |
---|---|---|
Buerg Arras | Buerg | Alf |
Al Buerg | Buerg | Boppard |
Al Buerg | Buerg | Koblenz |
Räichsbuerg Cochem | Buerg | Cochem |
Dahner Buergegrupp | Buregruinen | Dahn |
Festung Ehrenbreitstein | Festung | Koblenz |
Ehrenburg | Buerg | Brodenbach |
Buerg Eltz | Buerg | Münstermaifeld |
Buergruin Birkenfeld (Stammbuerg vun de Wittelsbacher) | Buergruin | Birkenfeld |
Feste Kaiser Franz | Festung | Koblenz |
Buerg Falkenstein | Burgruin | Falkenstein |
Fraëbuerg | Burgruin | Frauenberg |
Hambacher Schlass | Schlass | Neustadt un der Wäistrooss |
Buerg Hohenfels | Burgruin | Imsbach |
Buerg a Schlass Idar-Oberstein | Buerg, Schlass | Idar-Oberstein |
Kurfürstlecht Schlass | Schlass | Koblenz |
Kurfürstlecht Schlass | Schlass | Mainz |
Buerg Lahneck | Buerg | Lahnstein |
Landskron | Buergruin | Oppenheim |
Liebenstein | Buerg | Kamp-Bornhofen |
Buerg Altleiningen | Buerg | Altleiningen |
Marksbuerg | Buerg | Braubach |
Buerg Nassau | Buerg | Nassau |
Nürburg | Buerg | Nürburg |
Buerg Olbrück | Buerg | Niederdürenbach |
Buerg Pfalzgrafenstein | Buerg | matzen am Rhein bei Kaub |
Schlass Philippsburg | zerstéiert | Koblenz |
Buerg Reichenstein | Buerg | Trechtingshausen |
Buerg Rheinfels | Buergruin | Sankt Goar |
Rheinstein | Buerg | Trechtingshausen |
Schlass und Buerg Sayn | Schlass, Buerg | Bendorf |
Schlass Bürresheim | Schlass, Buerg | Sankt Johann (Mayen) |
Schlass Stolzenfels | Schlass | Koblenz |
Schmidtburg | Burgruin | Schneppenbach |
Schönburg | Buerg | Oberwesel |
Buerg Sooneck | Buerg | Niederheimbach |
Buerg Stahleck | Buerg | Bacharach |
Räichsbuerg Trifels | Buerg | Annweiler am Trifels |
Schlass Montabaur | Schlass | Montabaur |
Buerg Thurant | Buerg | Alken |
Zitadell vu Mainz | Festung | Mainz |
[Änneren] Politik
D' Ministerpresidenten zanter dem 13. Juni 1947:
- 13. Juni 1947 – 9. Juli 1947: Dr. Wilhelm Boden, CDU
- 1947 – 1969: Dr. h.c. Peter Altmeier, CDU
- 1969 – 1976: Dr. phil. Dr. h. c. mult. Helmut Kohl, CDU
- 1976 – 1988: Dr. phil. Bernhard Vogel, CDU
- 1988 – 1991: Dr. Carl-Ludwig Wagner, CDU
- 1991 – 1994: Rudolf Scharping, SPD
- 1994 – haut: Kurt Beck, SPD
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Baden-Württemberg | Bayern | Berlin | Brandenburg | Bremen | Hamburg | Hessen | Mecklenburg-Vorpommern | Niedersachsen | Nordrhein-Westfalen | Rheinland-Pfalz | Saarland | Sachsen | Sachsen-Anhalt | Schleswig-Holstein | Thüringen