Villa Grueweléck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Villa Grueweléck ass e réimescht Gebai an der Gemeng Suessem.
[Änneren] Geschichtleches
Et ass bis haut net vill iwwert dës Villa gewosst. Et handelt sech ëm e gréisseren Haff, aus der galloréimescher Zäit, deen tëscht Suessem a Lampech läit. Et gëtt ugeholl, datt dës Plaz als Bauplaz gewielt gouf, well an der direkter Géigend d'Réimerstrooss vum Tëtelbierg laanscht den Zolwerknapp (op deem e Réimerkastell stoung, ähnlech wéi deen um Bockfiels ), op Duelem verlaf ass.
D'Iwwerreschter vu der Villa goufen am Joer 1969 fonnt, an no der Géigend benannt, wou se mol stoung: Grueweléck. D'Gesamtlängt vum Gebai ass 60 Meter. Se léisst sech als Portikusvilla aklasséieren a setzt sech aus klengere Gebaielementer zesummen, déi mat engem Sailegank (Portikus) U-förmeg verbonne war. Op de Loftopnahmen kann een erkennen, datt d'Gebai opmannst ee Keller souwéi e puer Waarmloftheizungen (Hypokaust) hat. Wann een den Alter vu Fondstécker (wéi zum Beispill Keramik a Mënzen) kuckt, léisst sech den Alter vu der Villa op dat 1. Joerhonnert zeréckdatéieren.
Am 19. Joerhonnert huet een a Suessem scho réimesch Gruewsteng a Zille fonnt, sou datt een dovunner ausgoe kann, datt den Haff nach méi grouss war, wéi ugeholl.
Iwwert den Bauhär vun der Réimervilla ass och nach näischt gewosst. Dat eenzecht wat Opschloss op seng Bewunner ka ginn, ass d'Fragment vun engem Steerelief, dat e Gesiicht weist. Méiglegerweis handelt et sech heibäi em e Grafdenkmal.
[Änneren] D'Villa haut
Un der Villa goufe bis haut keng Ausgruewunge virgeholl. Haut fënnt een op dëser Plaz e Feld. De Grondrëss gouf vum Fliger aus fotograféiert: De Buedem iwwert Mauerreschter ass manner fruchtbar wéi an der Emgéigend. Sou verdrëchend d'Gras am Summer op deene Plaze méi séier wéi op aneren. Vun Uewe gesinn, ass de komplette Grondrëss z'erkennen.