Wenzel Profant
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Wenzel Profant gebuer 1913 zu Bech-Klengmaacher an och do 1989 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Moler an Sculpteur, mam Lucien Wercollier ee vun de bekanntesten am Land. Hie war e Frënd vum Frantz Kinnen, e Lëtzebuerger eegesënnege Moler, mat deem d'Relatiounen net ëmmer liicht waren. Hien huet abstrakt Wierker geschaaft an niewt Lëtzebuerg an enger ganzer Rei vun auslännesche Länner ausgestallt. Den wichtegsten Schrëtt zur Abstraktioun huet hien 1950-1954 gemeet. Hie war ee vun de Matgrënner vum Mouvement vun den Iconomaques.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
De Wenzel Profant war net nëmme Sculpteur, mä am Krich och e grousse Resistenzler, deen zum sougenannte Grupp Alweraje gehéiert huet. Hie war e ganz bescheidene Mann, deen duerfir awer grouss kënschtleresch Wierker geschaf huet.
[Änneren] Seng Wierker
- Eng vum Wenzel Profant senge Skulpturen, als Métamorphose bezeechent, steet zu Mondorf am Kurpark.
- Zu Wellesteen an der Zentralschoul steet eng Skulptur vum Wenzel Profant, genannt Unioun.
- an um Kierfëcht zu Wellesteen ass eng Gedenkplack vun him, déi hien zum Undenken un d'Wellëschter Jongen, déi am Krich gefall sin, ëntworf huet.
[Änneren] Literatur
- Elly Neumann-Baumert: La Sculpture de Wenzel Profant de 1950-1982, Monographie,Imprimerie St. Paul, Luxembourg, 1982