William Parsons
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De William Parsons, 3. Earl of Rosse KP gebuer den 17. Juni 1800 zu York a gestuerwen den 31. Oktober 1867 zu Birr-Castle war en ireschen Astronom.
[Änneren] Liewen
Bis zum Doud vu sengem Papp huet hien Lord Oxmantown geheescht a gouf dann den drëtten Earl of Rosse. Nom Privatunterrecht huet hien 1818 op der Universitéit Dublin studéiert an ass 1819 op d’Oxford gaangen. Hien ass 1821 an d’Ënnerhaus agetrueden (bis 1834). Schonns 1824 gouf hien an d’Royal Astronomical Society opgeholl. 1831 gouf de Rosse Lordlieutenant vum King's County an 1834 Oberst vun der Miliz. Am Februar 1845 gouf hien zum Repräsentativpeer vun Irland gewielt. Vun 1848 bis 1854 war hie President vun der Royal Society, a vun 1862 Kanzler vun der Universitéit Dublin. Am Joer 1836 hat hien d’Mary Wilmer-Field bestuet; si haten véier Jongen. De William Parsons, Earl of Rosse, as den 31. Oktober 1867 op sengem Landsëtz Birr-Castle gestuerwen.
[Änneren] Leeschtungen
Am Joer 1826 huet de Lord Rosse op sengem Landsëtz en Observatoire gebaut. D’Instrumenter huet en ënner senger perséinlecher Leedung fabrizéiere gelooss. 1828 huet hie seng Experienze beim Schläifen a Poléieren vum Spigel am Edinburgh Journal of Science verëffentlecht. Nodeems en 1839 e Spigelteleskop vu 36 Zoll (91 cm) Duerchmiesser fabrizéiert hat, (d'Bauweis huet deeër vun den Teleskope vum William Herschel geglach), huet hie Stärekéip an Niwwelen, wéi den M27 oder den M31, observéiert. Dobäi huet e gemengt, Hiwäiser op Kéip vu Stären bannescht den diffuse Gasmassen ze fannen. (Niewebäi huet hien dem „Kriibsniwwel“ M 1 säi Spëtznumm ginn.) Fir d’Opléisungsverméigen weider ze verbesseren an déi richteg Natur vu niwwelegen Objete ze klären, huet hie mat engem Opwand vun 12.000 Pond-Sterling e Risenteleskop gebaut, dat 1845 fäerdeg gouf. Den Haaptspigel huet 72 Zoll (1,83 m) am Duerchmiesser gemooss an hat eng Brennwäit vun 16 m. Dësen Teleskop huet sech ausgezeechent duerch eng fir déi deemooleg Zäit immens héich Liichtstärkt an huet séier de Spëtznumm "Leviathan of Parsonstown" kritt. De Lord Rosse huet mat senge Mataarbechter verschidden Techniken selwer entwéckelt, fir dëst Instrument un d'Goen ze kréien.
Dem Rosse säin Intressi louch bei den Niwwelflecken, déi haut als Stärekéip oder Galaxien erkannt sinn. Hien huet scho wéineg Wochen nom Start mat sengem neien Teleskop bei der Galaxis "M 51" (a spéider bei 13 weideren) als Éischten d’Spiralstruktur entdeckt (kuckt d’Zeechnung).
Well de Lord Rosse – anescht wéi de William Herschel – net un een Universum gegléwt huet, dat sech giff développéieren, huet hie no Beweiser gsicht, datt déi niwweleg Flecker, aus deenen sech, sou den Herschel, Stären entwéckelen, tatsächlech aus onzuelegen klenge Stäre bestinn. An dësem Sënn huet e behaapt, hien hätt den Orionniwwel an Eenzelstären opléise kënnen, wat beim Herschel rosen Attacken provozéiert huet. (D’Fro konnt erréischt spéider mat Hëllef vu Spektralanalyse gekläert ginn: den Orionniwwel ass als Emissiounsniwwel en echte Gasniwwel, d’Liicht vun de Galaxien kënnt awer vu Stären. Zu dësem Resultat war scho säi Jong Laurence komm, nodeems hie mat dem 36-Zoll-Teleskop 11 Niwwelspektren visuell ënnersicht hat.)
D’Iddi, d’Niwwel géifen aus Stäre bestoen, war keng Erfindung vum Lord Rosse. Schonn den John Herschel hat spekuléiert, den M51 wäer e Brudder („brother system“) vun der Mëllechstrooss an hat – genee wéi de William Smyth – d’Theorie vertrueden, si wäeren gigantesch Systemer aus ganz ville Stären. De Lord Rosse hat d’Hoffnung, mat sengem Riseteleskop Niwwel wéi den M51 opléisen ze kënnen. Hien huet awer mam Sichen d’Spiralstruktur erkannt an huet domatten d'Diskussioun iwwer déi richteg Natur vun dëse Systemer nees frësch lancéiert.
Niewent de Niwwelflecken huet de William Parsonsoch d’Temperatur vun der Moundsurface ënnersicht.
Seng sëlleche Fuerschungsresultater goufen ënner dem Titel "Observations of Nebulae and Clusters of Stars made with the 6-foot and 3-foot Reflectors at Birr Castle" duergestallt.
De Lord Rosse war och karitativ beschäftegt an huet versicht, d’Nout a sengem Land ofzeschwächen.
[Änneren] Literatur
Letters on the state of Ireland (London 1847).